Côte d'Or (Schockela)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Côte d'Or
Cote d'Or Logo 2009.png
Typ s.à r.l.
Grënnung 1883
Sëtz Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Produit Schockelasproduktioun
Um Spaweck www.cotedor.com

Côte d'Or ass eng belsch Schockelasmark, déi et zanter 1883 gëtt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Mark Côte d'Or gouf de 24. Abrëll 1883 vum Chocolatier Charles Neuhaus deposéiert an ass eng Referenz un d'Goldküst, dem haitege Ghana, wou en Deel vun de Kakaosbounen hierkomm sinn. 1898 huet de Léopold Bieswal d'Entreprise fir säi Jong Joseph opkaaft, an am Juli 1906 gouf vun der Joseph Bieswal Cie an der S.A. Lambert Michiels d'Société anonyme Alimenta gegrënnt an de Logo mam Elefant, der Palm an den dräi Pyramiden am Hannergrond entworf. Eent vun de bekanntste Produkter vun der Mark, de paquet aus zwou Tablette Schockela déi openeeleien, koum fënnef Joer méi spéit op de Maart. An de Joren drop sinn an der ganzer Belsch Butteker opgemaach ginn, a vun den 1930er Joren un huet Côte d'Or ugefaangen, sech och am Ausland z'etabléieren, ënner anerem 1931 mam Deposéiere vun der Mark an den USA. 1935 huet Côte d'Or e Pavillon op der Weltausstellung zu Bréissel opgemaach.

Am 2. Weltkrich ass d'Belsch vun Nazidäitschland besat ginn. Well d'Ressourcen u Kakao ëmmer méi rar goufen a Côte d'Or kee Schockela vu schlechter Qualitéit hierstelle wollt, ass d'Mark verschwonnen a gouf duerch d'Mark Congobar ersat. Eréischt 1950 ass Côte d'Or erëmkomm. Och op der Weltausstellung 1958 zu Bréissel gouf e Pavillon opgemach. 1965 krut d'Mark den Titel Fournisseur Breveté de la Cour de Belgique an ass 1969 och a Japan deposéiert ginn.

An den 1970er Joren huet Côte d'Or sech a Frankräich, Holland, der Schwäiz an a Groussbritannien implantéiert. Côte d'Or ass 1984, 101 Joer no senger Grënnung, op der Bourse ageféiert ginn.

1987 an 1989 ass d'Firma an zwou Phase vun der Däitsch-Schwäizer Schockelas- a Kaffisfirma Jacobs Suchard an enger feindlecher OPA opkaaft an duerno vun der Bourse geholl ginn. Suchard selwer ass 1990 vun der amerikanescher Liewensmëttelmultinationale Kraft Foods opkaaft ginn.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]