Côte de Wanne

Vu Wikipedia
Côte de Wanne zu La Neuville. Um Bild de Pavel Brutt, Markus Fothen, Tom Stubbe a Pierre Roland.

D'Côte de Wanne ass e Stouss an der Belscher Provënz Léck um Territoire vun der Sektioun Wanne an der Gemeng Trois-Ponts.

Dëse Stouss ass bekannt well en traditiounsgeméiss zum Parcours vu Liège-Bastogne-Liège gehéiert.

U sech gëtt et dräi Méiglechkeete fir op den héchste Punkt vun der Kopp bei der Croix de Wegimont ze kommen, an allen dräi gehéieren deelweis zu der Côte de Wanne.

D'Streck déi bei Liège-Bastogne-Liège gefuer gëtt, huet hiren Ufank am Dall vun der Salm op enger Héicht vun 328 Meter, wou se vun der N68 fortgeet. Am éischten Drëttel huet de eng Pente vu maximal 9 %. Duerno kënnt dee géien Deel an der klenger Uertschaft La Neuville mat Partië vun 11 an 12 Prozent. Op dësem Deel maachen zwou enk Kéieren de Coureuren d'Saach net einfach, éier et mat 10 % weider bis op La Vau geet. Vun do aus geet et dann e bësselche méi flaach mat 8 % bis un de Bord vum Bësch mat dem Numm Le Tombeu, vu wou et da mat Penten tëscht 2 a 7 % bis op d'Kopp op 495 Meter, bei der Croix de Wegimont geet.

Se gehéiert awer net wéi d'Redoute an d'Côte de la Roche aux Faucons zu de selektive Stéiss um Trajet vun der Course, well keng Gefor besteet datt de Plotto ausernee gerappt gëtt, an nach genuch Méiglechkeete bestinn, fir duerno eng Poursuite opzehuelen. D'Strooss ass op der ganzer Längt tëscht 5 an 10 Meter breet.

Op enger Längt vun 2.200 Meter gëtt een Héichtenënnerscheed vun 167 Meter gefuer.