C.M.P

Vu Wikipedia
C.M.P
Gebuertsnumm Christophe Mario Pieri
Gebuer 23. Oktober 1992
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Rapper, Sänger

De Quiz (gebuer den 23. Oktober 1992 als Christophe Mario Pieri zu Esch-Uelzecht) ass e lëtzebuergesche Rapper. Hien huet seng Karriär op Lëtzebuergesch als C.M.P ugefaangen a rapt elo op Däitsch als Quiz. Eng Zäit laang huet hien och de Pseudonym Kriz Banger fir seng däitschsproocheg Lidder benotzt.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Christophe Mario Pieri huet am Alter vun néng Joer d'Hip-Hop-Musek entdeckt an duerno tëscht 2009 an 2011 mam Maka MC ënner dem Numm Beatbombs Musek gemaach.

2011 huet hie bei der RTL-Show Wanns de eppes kanns! matgemaach an ass do an d'Finall komm. D'Joer drop huet säi Lidd Gudd Gefill (La La La) et op Plaz 16 an de globale lëtzebuergeschen iTunescharts a Plaz 2 an den Hip-Hop-Charts op iTunes Lëtzebuerg gepackt.

Als Kriz Banger huet hien 2013 säin éischten Album op Däitsch, Alien, verëffentlecht. Spéider huet hien de Pseudonym Quiz ugeholl an 2016, 2017 an 2018 déi dräi däitschsproocheg Albumen Chamäleon, Chamäleon II a Chamäleon 3 erausbruecht.

Museksvideoen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 2011: Glas as ze voll (mam Maka Mc als Beatbombs)
  • 2011: Oofrapp Bars (Part 1) (als C.M.P)
  • 2011: Donald Trump Remix (als C.M.P)
  • 2011: Ich mach Welle (als Kriz Banger)
  • 2012: Klengegkeeten (als C.M.P)
  • 2012: Relaxxxt'en Owend (als C.M.P)
  • 2012: Gudd Gefill (La La La) (als C.M.P)
  • 2012: Waat ech maan (als C.M.P)
  • 2013: Gei Roof (als C.M.P)
  • 2013: Mir haalen net op (als C.M.P)
  • 2014: Dankbar (als Kriz Banger)
  • 2015: Déi reell Welt vum Kim B. (Bandana-Disstrack) (als C.M.P)
  • 2017: RiRi (Rihanna) (als Quiz)
  • 2017: Roboter (als Quiz)
  • 2017: Deine Körpersprache (als Quiz)
  • 2017: Non Stop (als Quiz)
  • 2017: Was ich will (als Quiz)
  • 2018: Oh Mami (als Quiz)

Offiziell Discographie[1][änneren | Quelltext änneren]

Als C.M.P[änneren | Quelltext änneren]

  • 2012: Gudd Gefill (La La La) (Single)
  • 2013: Gei roof (Single)
  • 2013: High Five (Single)

Als Kriz Banger[änneren | Quelltext änneren]

  • 2013: Alien (Album)

Als Quiz[änneren | Quelltext änneren]

  • 2016: Chamäleon (Album)
  • 2017: Chamäleon II (Album)
  • 2018: Chamäleon 3 (Album)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Discographie mat de Releasen, déi eng offiziell digital oder physesch Verëffentlechung haten