Centre de natation intercommunal Les Thermes Strassen-Bertrange

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) C.N.I. "Les Thermes")
C.N.I. “Les Thermes”
"Les Thermes" am Lieu-dit "an de Gëlden" zu Stroossen
Centre de natation intercommunal Les Thermes Strassen-Bertrange
Secteur Schwammsport, Sportszenter
Leedung Gaston Greiveldinger
Verwaltungssëtz Stroossen
Membergemengen Bartreng, Stroossen
Websäit https://www.lesthermes.net/, https://www.lesthermes.net/de/startseite.html, https://www.lesthermes.net/en/home.html, https://www.lesthermes.net/lu/startsait.html
Les Thermes

De Centre de natation intercommunal Les Thermes Strassen-Bertrange ofgekierzt C.N.I. "Les Thermes" ass en interkommunale Syndicat zu Lëtzebuerg an de Gemenge Stroossen a Bartreng.

D'Decisioun fir de Syndicat ze grënnen, gouf zu Bartreng am Gemengerot de 24. Januar 2002 ugeholl, an zu Stroossen de 25. Januar. Den Arrêté grand-ducal ass vum 5. Juli 2002 a gouf am Memorial B - N°51 op Säit 786 de 6. August publizéiert[1].

Objet[änneren | Quelltext änneren]

De Syndikat huet als Objet, d'Konstruktioun an d'Exploitatioun vun engem Schwamm- a Fitnesscenter fir déi zwou Gemengen.

Originaltext aus dem Memorial:

Le syndicat a pour objet la construction, l'entretien et l'exploitation d'un centre de natation, de sports et de loisirs, comportant différents bassins de natation, ainsi que des salles de fitness, de soins corporels, saunas et autres services accessoires comme buvette et restaurant à offrir parallèlement et permettant le cas échéant une exploitation séparée.
Le syndicat peut accomplir tous les actes qui concourent à la réalisation de son objet social. Les membres du syndicat s'obligent à aider le syndicat dans l'accomplissement des buts syndicaux ci-dessus exposés.
Il leur est expressément défendu d'organiser un service identique ou d'entrer dans un autre syndicat créé aux mêmes fins.

Realisatioun vum Zentrum[änneren | Quelltext änneren]

Den Architekteconcours fir de Bau vum Schwammzentrum Les Thermes ass am Juni 2004 vun den Architektebüroe Jim Clemes, Witry & Witry an Hermann & Valentiny gewonne ginn. De Bauufank war am September 2005, de Grondstee gouf am Juni 2006 geluecht an d'Ouverture vum Zentrum, dee ganz um Terrain vun der Gemeng Stroossen läit a méi wéi 1.000 m2 Waasserfläch huet, war am Februar 2009.

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 5 juillet 2002 autorisant la création du syndicat intercommunal dénommé Centre de Natation (C.N.I.) «Les Thermes» Strassen-Bertrange. legilux.public.lu (06.08.2002). Gekuckt de(n) 05.08.2020.
Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW