C. Bechstein Pianofortefabrik

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E Bechstein vun 1902

C. Bechstein Pianofortefabrik AG ass eng vum Carl Bechstein zu Berlin 1853 gegrënnte Pianofabréck, ënner där hirem Numm nach haut Pianoen a Fligele gebaut ginn.

Wéi et ugaangen ass[änneren | Quelltext änneren]

De Carl Bechstein huet um Ufank eleng geschafft. Bis 1859 hat hien 176 Instrumenter gebaut. Säin éischte Fligel, deen hien 1856 fir de Pianist Hans von Bülow gebaut hat, dréit d'Nummer 100.

Déi fir déi Zäit aussergewéinlech Zolidditéit an déi héich Belaaschtbarkeet vun de Rummen huet dem Bechstein sengen Instrumenter e gudden Numm verschaaft. Um Enn vun den 1860er Joren huet seng Firma ugefaangen an déi ganz Welt ze liwweren, besonnesch an England an a Russland. D'Joresproduktioun vun 1870 ware schonn 500 Instrumenter. Eng zweet Fabréck gouf 1882 bannent Berlin opgeriicht, 1885 eng Filial zu London an 1897 eng drëtt zu Berlin.

Dem Carl Bechstein seng Ierwen[änneren | Quelltext änneren]

Nom Doud vum Grënner 1900 hu seng dräi Jongen, Edwin (* 1959), Carl (* 1860) a Johannes (* 1863) d'Firma iwwerholl. 1903 gouf eng Filial zu Paräis opgemaach, d'Produktioun louch bei 4500 am Joer a Bechstein huet iwwer 800 Leit Brout ginn.

1916 war et mat den auslännesche Filialen eriwwer. Déi englesch an déi franséisch Regierungen hunn d'Firma enteegent. 1923 gouf Bechstein an eng Aktiegesellschaft ëmgestallt, an den Edwin a seng Fra Helene, eng gebuere Capito, hu sech nees akaaft, nodeem den Edwin sech no engem Sträit ausbezuele gelooss hat. Der Helene hiren däitlechen Antisemitismus an hir finanziell Ënnerstëtzung fir den Adolf Hitler huet ugefaange munnech Clienten ze vergrujelen. Si huet den Adolf Hitler veréiert. De Konrad Heiden, den éischten Hitler-Biograph zitéiert si: "Ech wéilt, hie wier mäi Jong" (Band 1, Säit 131).

Am Zweete Weltkrich huet Bechstein nieft de Pianoen och Fliger-Propellere gebaut.

Nom Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem direkt nom Krich vun den Amerikaner Saisie op d'Firma gemaach gouf, eng Zäsi, déi 1951 opgehuewe gouf, konnt 1953 d'Joerhonnert gefeiert ginn. Fabrécken zu Karlsruhe an zu Eschelbronn konnten d'Nofro berouegen an 1973 gouf dat Ganzt an eng S.à r.l. changéiert a koum ënner US-amerikanesch Gérance.

1984 huet de Karl Schulze, deem den Oldenburger Instrumentebuttek Piano-Sprenger gehéiert, Bechstein kaaft. No an no koumen nach aner Pianosmarken dobäi, wéi Zimmermann, an 1996 gouf et nees eng Aktiegesellschaft.

2004 huet de südkoreanesche Musekinstrumenteproduzent Samick Musical Instruments Co. 49 % vun de Bechstein-Aktien iwwerholl.

Bechstein-Pianisten[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: C. Bechstein Pianofortefabrik – Biller, Videoen oder Audiodateien