C. Herschel (Moundkrater)

Vu Wikipedia
C. Herschel
Koordinaten 34°28'48"N, 31°17'24"W
Duerchmiesser 13,7 km
Déift 1.850 m
Selenographesch Längt 31° bei Sonnenopgank
Genannt no Caroline Herschel
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ04

De Moundkrater C. Herschel ass e klengen Aschlagkrater op der viischter Äerdmoundsäit. E läit am Sinus Iridum, eng Ausbuchtung am westlechen Deel vum Mare Imbrium. Südlech läit de Moundkrater Heis, deen änlech Dimensiounen huet. E läit um Gebitt vun de Bierger Dorsum Heim. Westlech vum Krater läit eng kleng Erhiewung déi C. Herschel Zeta genannt gëtt. Aner Niewekratere sinn:

C. Herschel Breet Längt Duerchmiesser
C 37,2° N 32,5° W 7 km
E 34,2° N 34,7° W 5 km
U 36,2° N 31,5° W 3 km
V 36,4° N 33,5° W 4 km

Den Ëmrëss vun C. Herschel ass kreesfërmeg an huet keng opfälleg Erosiounen. De Kraterbuedem ass a senger Albedo d'selwecht wéi de Mare Imbrium.

De Krater gouf 1935 vun der IAU no der Astronomin Caroline Herschel genannt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: C. Herschel (Moundkrater) – Biller, Videoen oder Audiodateien