C/2009 R1 (McNaught)

Vu Wikipedia
C/2009 R1 (McNaught)
Opnam vum 9. Juni 2010
Orbittyp hyperbel, aperiodesch
Numeresch Exzentrizitéit 1,0004
Perihel 0,405 AE
Bunnschréi 77,0 Grad
Perihelduerchgank 3. Juli 2010
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Geschicht
Entdecker Robert McNaught
Entdeckungsdatum 9. September 2009
Aner Bezeechnungen -

Den C/2009 R1 (McNaught) ass den 51. Koméit[1] mat dem Numm McNaught.

Hie gouf den 9. September 2009 vum brittesch-australeschen Astronom Robert H. McNaught mat dem Uppsala Southern Schmidt Telescope um Siding Spring Observatoire an Australien entdeckt[1]. Säi Perihel hat den C/2009 R1 den 3. Juli 2010 duerchlaf. Am Juni 2010 hat de Koméit eng Hellegkeet vu ronn 5 mag a war domat a liichtaarme Gebidder schonn mat bloussem A ze gesinn[2]. Déi gréng Koma ëm säi Kär ass mat der Presenz vun Dicyan a Kuelestoff (C2) z'erklären, de bloe Schäin a sengem Schwäif duerch Kuelestoffmonoxid- a Kuelestoffdioxid-Ionen[3].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Sterne und Weltraum; 06/2010
  2. http://cometography.com/lcomets/2009r1.html
  3. Sky and Telescope. New Track Media. http://www.skyandtelescope.com/observing/highlights/94277259.html.