C/2011 W3 (Lovejoy)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
C/2011 W3 (Lovejoy)
Den C/2011 W3 (Lovejoy)
Orbittyp elliptesch laangperiodesch
Grouss Hallefachs 51,214
Perihel 0,0055 AE
Aphel JD 2455900.5: ca. 150 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0.9999
Perihelduerchgank 16. Dezember 2011
Ëmlafdauer JD 2455900.5: ca. 600 Joer
Ëmlafvitesse
Physikalesch Eegeschafte vum Kär
Duerchmiesser  ?
Entdecker Terry Lovejoy
Entdeckungsdatum 27. November 2011
Aner Bezeechnungen

De C/2011 W3 (Lovejoy) ass e periodesche Koméit, deen Enn November 2011 vum Terry Lovejoy an Australien entdeckt gouf. DCrew vun der Internationaler Raumstatioun (ISS) konnt de Koméit och gesinn a filmen. [1] De Koméit gehéiert zu der sougenannter Kreutz-Grupp. De 16. Dezember 2011 war säi Perihelduerchgank, fräiaeg ze observéieren. Et gouf ugeholl, datt hien dobäi brieche kënnt.[2] De Koméit awer hat säi Rendez-voud mat der Sonn op enger Distanz vun 140.000 km glécklech iwwerstanen a konnt vum Solar Dynamics Observatory (SDO) beim Austrëtt aus der Sonnekorona observéiert ginn.[3][4] Et gëtt vu Fuerscher ugeholl, datt de Koméit duerch déi bei senger staarker Aktivitéit entstoenden Réckstousskraaft zesummegehale gouf a net auseneen gebtrach war obschonns hien d'Roche-Grenz ënnerschratt hat[5].

De SOHO, STEREO an de Proba-2 hunn de Koméit och observéiert.[6][7]

Am Ufank war den Duerchmiesser vum Koméitekär op 100 m bis 200 m geschat ginn. No de neieste Berechnungen soll säin Duerchmiesser tëschent 400 m an 22 km bedroen[5].

Um Spaweck [änneren]

Commons: C/2011 W3 (Lovejoy) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Loverjoy observéiert vun der Raumsond STEREO-A, D'Interaktioun vum Sonnewand mat dem Schwäif ass ze erkennen.

Referenzen [änneren]