CFL 4000

Vu Wikipedia
Serie CFL 4000
Nummeréierung: 4001-4020
Stéckzuel: 20
Constructeur: Bombardier
Baujoren: 2004-2005
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 84 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 18900 mm
Héicht ouni Pantograph: 3.845 mm
Maximal Achselaascht 21 Tonnen
Héchstvitess: 140 km/h
Stroumsystemer: 25kV 50 Hz Wiesselstroum
15kV 16,7 Hz Wiesselstroum
Leeschtung: 5600 kW
Zuchsécherungssystemer Memor II+
PZB 90
KVB (net am Asaz)
ETCS
Kraaft beim Ufueren 300 kN
Bremskraaft: 150 kN
Bremsen Scheiwebremsen
Drockloftsystem Uelegfräi Kolwekompressere
VV270-T vu Knorr[1]

D'CFL-Lokomotiven aus der Serie 4000 sinn Elektrolocken, déi bei der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL ënner den Nummere 4001 - 4020 immatrikuléiert sinn.

Déi Lokomotive ginn zu Lëtzebuerg haaptsächlech am Gidderverkéier gebraucht, a kënnen zesumme mat de Voiturë vum Typ Dosto am Persouneverkéier agesat ze ginn.

Et si Lokomotiven aus der Gamme TRAXX déi vun der Firma Bombardier Transportation ënner der Typpebezeechnung TRAXX P140 AC1 gebaut goufen. D'Maschinne goufen nom Modell BR185.1 vun der DB AG mat e puer Adaptatioune vum Modell BR 146 gebaut, an tëscht September 2004 a Mäerz 2005 a Betrib geholl.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Maschinnen däerfen um däitsche Reseau fräi zirkuléieren an hunn eng Autorisatioun fir den Trafic bis op déi belsch Garë vu Gouvy, Attem a Virton. Fir de franséische Reseau si se, genee wéi d'CFL-Dostoen ni homologéiert ginn. Eenzeg Ausnam ass d'Gare Wuelmereng déi geographesch a Frankräich läit, mä als assimiléiert Gare zum Lëtzebuerger Streckennetz zielt.
  • D'Maschinnen hunn eng speziell Noverkéierssoftware, déi et erméiglecht méi séier unzefueren a Vitess opzehuelen. Dat ass virun allem wichteg fir den Asaz op Regionalbunnen déi vill Garen ufueren.

Asaz[änneren | Quelltext änneren]

Bestand[änneren | Quelltext änneren]

D'Iddi d'Säite vu Lokomotive fir Reklamm ze benotze kënnt aus Däitschland. D'CFL 4000 eegene sech besonnesch, well op de Säite vill fräi, a virun allem glat Fläch ass.

All d'Reklamme goufen an den Atelieren zu Péiteng gemaach a si gréisstendeels haut nach un de Maschinnen drun.

Verschidde Maschinne kruten ni eng Reklamm, well se haaptsächlech fir d'CFL Cargo gefuer sinn.

Nummer Reklamm (Joer vun der Realisatioun) Bemierkung Foto
4001 2005: EU Presidence a Lëtzebuerger Wort, La Voix
2010: Biodiversitéit ass Liewen
4002 2005: EU Presidence a Lëtzebuerger Wort, La Voix
2011: UNICEF Global Parents
4003 2005: EU Presidence a "Mobile Attitude"
2007: Kulturjoer;
2008: Blues Express
2011: Loscht op Ettelbréck
4004 2005: EU Presidence a "Mobile Attitude"
2011: Blues Express
4005 2005: EU Presidence a "Mobile Attitude"
4006 2005: EU Presidence, "Tarif Escapade Belgique" an Top zum Job
2008:Top zum Job! Schweich > Trier > Luxemburg
2011: Croix-rouge luxembourgeoise 'Donnez pour agir'
4007 2005: EU Presidence a "Mobile Attitude"
2007: Stärenzuch '07 a "Festival des Jardins"
2011: Biking in Luxembourg www.bikingtours.lu
2015: Eppur si muove (eng Ausstellung am Mudam)
4008 2005: EU Presidence
2008: DirActors-Festival
4009 2008: Ëmweltfrëndlech ënnerwee (Cegedel)
4010 2008: Klimaschutz: Et läit an denger Hand.
2009: Lorraine TGV
2012: Musée Dräi Eechelen www.m3e.lu
4011 2006: Spuerkeess
2007: Original Zoustand
2013: CFL Cargo
gedeeft op den Numm Ettelbréck
gouf 2008 bei engem Feier uerg beschiedegt
4012 2013: CFL Cargo gouf de 4. Mee 2016 op der Barriär zu Manternach bei engem Zesummestouss mat engem Baugefier beschiedegt[2] an ass mëttlerweil erëm reparéiert.
4013 2007: Kulturjoer
2008: Ëmweltfrëndlech ënnerwee
4014 2009: Fotosconcours 2009
2010: CFL Personal Reklamm
4015
4016 2008: Ëmweltfrëndlech ënnerwee
2012: Musée Dräi Eechelen www.m3e.lu
Accidentéiert den 29.Juni 2010 zu Lëntgen
4017 2008: Ëmweltfrëndlech ënnerwee
2011: A vous de chanter
2013: GAR
4018 2005: "Mobile Attitude"
2009: 30 Joer UNICEF Lëtzebuerg
gedeeft op den Numm Wolz
4019 2008: "eGO Kaart"
2013: 5519
4020 2005: Télévie
2006: 50 Joer Elektrifizéierung bei der CFL
2010: CFL Personal Reklamm
2013: 100 Joer Gare Lëtzebuerg
2017: Un train peut cacher deux rotondes

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: CFL 4000 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Knorr Kompresseren op TRAXX
  2. Zug gegen Baumaschine - Strecke blockiert op wort.lu vum 4. Mee 2016