Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Ëlwen
|
|
||
|---|---|---|
| Garen - Uschlëss - Brécken - Tunnelen - Barrièren | Km | |
| Uschloss: Péiteng Uschloss: Beetebuerg |
||
| Gare Lëtzebuerg | ||
| Biisser Bréck | ||
| Ofzweigung Waasserbëlleg | ||
| Clausener Viaduc | ||
| Pafendaller Viaduc | ||
| Gréngewald Viaduc | ||
| Gare Dummeldeng | 20,830 | |
| Uschloss Arbed Dummeldeng/Eech | ||
| Gare Walfer | 24,004 | |
| Gare Heeschdref | ||
| Gare Luerenzweiler | 28,161 | |
| A 7 | ||
| Gare Lëntgen | 31,123 | |
| Gare Miersch | 34,735 | |
| Uelzecht | ||
| Gare Kruuchten | 40,845 | |
| Kruuchtener Tunnel (251 m) | ||
| Uelzecht | ||
| Gare Kolmer-Bierg | 43,232 | |
| Gare Schieren | ||
| Uelzecht | 46,930 | |
| Uschloss Atertlinn | ||
| Gare Ettelbréck | 47,184 | |
| Ofzweigung Antenn Dikrech | ||
| Gare Méchela | 53,255 | |
| Gare Giewelsmillen | 57,746 | |
| Gare Kautebaach | 62,021 | |
| Ofzweigung Antenn Wolz | ||
| Gare Wëlwerwolz | 67,277 | |
| Gare Draufelt | 70,960 | |
| Gare Klierf | 77,174 | |
| Gare Maulesmillen | 80,983 | |
| Gare Ëlwen | ||
| belsch Grenz | ||
| Uschloss Gouvy | ||
D'Linn 10 vun der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL, féiert vu Lëtzebuerg op Ëlwen, a vun do weider op d'belsch Grenz wou se Uschloss un dat belscht Eisebunnsnetz huet, iwwer d'SNCB-Linn 42 Gouvy - Rivage.
Geschichtleches [änneren]
Duerch e Kontrakt vum 9. November 1855 huet de Lëtzebuerger Staat dem Banquier Adolphe Favier vun Nanzeg, an dem Stephane Jouve, engem Ingenieur och vu Nanzeg, d'Konzessioun fir de Bau vun enger Eisebunnslinn tëscht der Stad a Wäisswampech, via Dikrech an Ëlwen, ausgestallt. Fir ze héich Käschten z'evitéieren hat den éischte Plang vum Favier virgesin d'Streck an der Ëmgéigend vu Stroossen vun der Linn Lëtzebuerg-Klengbetten ofzweigen ze loossen a se dann iwwer Koplescht a Schëndels op Miersch ze féieren. Virun allem di déif Däller am Norden an Oste vun der Stad hunn dem Adolphe Favier a senger Wëllem-Lëtzebuerg Gesellschaft Suerge gemaach.
Dee Plang ass bei der deemoleger Regierung net gutt ukomm, well een d'Dummeldenger Schmelz onbedéngt iwwert d'Schinn wollt ubannen.
Well deemools d'Festung Lëtzebuerg nach vun de Preise besat war, hu sech d'Regierung an den Adolphe Favier am November 1856 an enger Konventioun drop g'eenegt, den Tracé iwwer véier grouss Viaduce laanscht d'Festung ze féieren. Op déi Aart a Weis waren d'Schinnen tëscht der zoukënfteger Stater Gare an der deemoleger Gemeng Eech, am Radius vun de preisesche Kanounen an et huet nëmme missen am Pafendall een Duerchbroch gemaach ginn.
Well den Dall vun der Uelzecht tëscht Dummeldeng a Miersch breet genuch ass, konnt d'Streck ouni gréisser Aarbechten op der rietser Säit vum Dall lafen. Hannert Miersch gëtt den Dall méi enk, an et hu missen eng Rei Brécke gebaut ginn, fir iwwert d'Uelzecht ze kommen. Bei Kruuchten leeft d'Uelzecht duerch eng grouss Kéier, déi duerch en Tunnel evitéiert gouf.
Fir op d'Héichte vum Éislek ze komme war eng Pente vun 0,3% virgesinn, an de Bau vun der Streck sollt sechs Joer daueren.
D'Streck bis Ettelbréck gouf den 21. Juli 1862 offiziell mat engem Spezialzuch ageweit. A Wierklechkeet waren d'Aarbechten nach net ofgeschloss an et konnt een eréischt bis Schieren fueren. Ganz fäerdeg war d'Streck de 16. November 1862, zäitgläich mat der Streck bis Dikrech a gouf a Presenz vum Henri vun Oranien-Nassau ageweit. Et goufen 3 Koppelen Zich den Dag, déi 1 Stonn an 20 Minutte gebraucht hu fir d'Streck Lëtzebuerg-Ettelbréck an 8 Minutte fir weider op Dikrech.
Mat der Streck a Richtung Léck gouf am September 1862 ugefaang. Bis de 15. Dezember 1866 gouf d'Streck bis op Ëlwen gebaut.[1]
Uschlëss op der Streck:
Literatur [änneren]
- ↑ Federmayer, Ed, 2008. Eisenbahnen in Luxemburg S. 106-166.Wolfgang Herdam Fotoverlag
|
|||
|
Lëtzebuerg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Kolmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Maulesmillen - Ëlwen |