Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) CFL-Linn 30)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Wasserbëlleg ass eng Eisebunnsstreck vun der Lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL.

Bei der CFL gëtt si als Linn 30 bezeechent.

Si geet vun der Gare vu Lëtzebuerg bis op Waasserbëlleg a vun do iwwer d'Waasserbëlleger Bréck an Däitschland wou se Uschloss un déi däitsch Streck 693 huet, déi iwwer Igel op Tréier féiert. D'Streck ass 37,442 km laang. (Pk. Mëtt Wasserbëllegerbréck).

Um Y zu Éiter huet se Uschloss un d'Alzenger Streck.

Uertschafte laanscht d'Streck [änneren]

Lëtzebuerg - Zens - Hamm - Sandweiler - Konter - Mutfert - Éiter - Schraasseg - Schëtter - Mënsbech - Iwwersiren - Menster - Rued-Sir - Ouljen - Betzder - Haastert - Biwer - Wecker - Manternach - Mäertert - Waasserbëlleg.

Garen op der Streck [änneren]

Lëtzebuerg - Zens-Hamm - Sandweiler-Konter - Éiter - Mënsbech - Rued - Betzder - Wecker - Manternach - Mäertert - Waasserbëlleg