CFL-Linn 50
D'Linn 50 vun der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL, féiert vu Lëtzebuerg op Klengbetten, a vun do weider op d'belsch Grenz wou se Uschloss un dat belscht Eisebunnsnetz huet, iwwer d'SNCB-Linn 162 Arel - Namur.
D'Streck ass 18,77 km laang, an ass de 15. September 1859 a Betrib gaangen. Si huet deemools der Gesellschaft Guillaume Luxembourg, dem Wëllem gehéiert.
Mëtt der 50er Jore gouf d'Streck grad wéi déi Belsch Linn 162 elektifizéiert, an den éischten elektreschen Zuch ass den 28. September 1956 gefuer. Et ass di eenzeg Streck zu Lëtzebuerg déi mat 3000 Volt Gläichstroum elektrifizéiert ass.
Dat soll sech awer an noer Zukunft änneren, et gi Pläng d'Linn 50 an doriwwer eraus d'Linn 162 bis Libramont mat 25.000 Volt 50 Hz ze réelektrifizéiren.
Déi nei Catenairespottoe stoungen Enn 2009 an de Garë Bartreng-Stroossen, Mamer-Lycée a Mamer. Op belscher Säit stounge se tëscht der Sortie vun der Areler Gare an der lëtzebuergescher Grenz bei Sterpenich. Wéini genee d'Ëmstellung geschéie wäert ass nach net bekannt.
CFL-Uschlëss op der Streck:
- Klengbetten: Bretell vun der Atertlinn an Direktioun Hoen (net elektrifizéiert.)
Aner Uschlëss:
- Klengbettener Millen
- NAMSA op der Kap
- Shell zu Bartreng
Iwwer d'Streck fueren den InterCity J, déi international Schnellzich vun der Verbindung Basel-Bréissel an d'Regionalzich vun den CFL.
|
|||
|
Lëtzebuerg - Bartreng-Stroossen - Mamer Lycée - Mamer - Kapellen - Klengbetten |