CFL 1800

Vu Wikipedia
CFL 1800
Nummeréierung: 1801-1820
Stéckzuel: 20
Constructeur: Elektrescht: La Brugeoise et Nivelles
Mechaneschen Deel:General Motors
(Motor: Typ 16-567C / V16)
Baujoren: 1963-1964
Ausmusterung: Nach a Betrib (Nemmen am Ausland)
Bauaart: Co'Co'
Déngschtmass: 110 Tonnen(ouni Chaudière)
Längt iwwer Puffer: 19.550 mm
Dreifrad-Ø: 1016 mm
Maximal Achselaascht 21 Tonnen
Héchstvitesse: 120 km/h
Leeschtung: 1435 kW (1950 PS)

D'CFL-Lokomotiven aus der Serie 1800 sinn Diesel-elektresch Lokomotiven.

Vun 20 Maschinnen, déi d'CFL an de Joren 1963 a 1964 kaaft huet, fiert am Moment keng méi zu Lëtzebuerg. Nëmmen d'1806 konnt gehale ginn; se gouf vum 1604 Classics a.s.b.l. renovéiert an ass betriebsfäheg. (Stand November 2021)

D'1802 gouf a Schwede mat Funkfernsteierung ekipéiert, fir de Betrib ze vereinfachen. Des Weidere sinn nach e puer Maschinnen an Dänemark ënnerwee.

D'SNCB hat 42 baugläich Lokomotiven, déi do an der Serie 55 immatrikuléiert waren. Se goufe gréisstendeels vun der Duebelserie 77/78 ersat.

Asaz[änneren | Quelltext änneren]

  • Bis 1981: Persounenzich iwwer d'Streck Lëtzebuerg-Péiteng.
  • Bis 1993: Persounenzich op der Nordstreck (zesumme mat den CFL 200).
  • 1999: Leschten Asaz vun enger 1800er um InterRegio m.
  • Bis 2004: Persounenzich op der Klengbettener Streck.
  • Bis 2017: d'1800er fueren plangméisseg keng Persounenzich méi. Geleeëntlech koumen der an de Joren 2004 an 2005 als Ersatz zum Asaz. Bis Dezember 2010 sollten d'1800er op der CFL-Linn 6 tëscht Beetebuerg - Belval - Attem fueren. Wéinst dem ekonomeschen Opschwong an dem Manktem un Diesellokomotive komme s'op onbestëmmt Zäit nach op de Strecke Lëtzebuerg-Triage - Bartreng a Beetebuerg - Belval - Attem an den Asaz.
  • Zanter 2017: CFL 1806 als Museumslok

Bestand[änneren | Quelltext änneren]

Nummer Dafnumm Zoustand
1801 Göppingen Power Rail (Däitschland), ausser Déngscht, ausgestallt bei de Magdeburger Eisenbahnfreunden zu Magdeburg am Hafen. De Motor ass elo an enger Nohab.
1802 Blankenberge Svensk Tågkraft AB (Schweden), am Asaz, mat ATC a Funkfernsteierung
1803 Verschrott 2004
1804 Verschrott 2005
1805 Mondorf-les-Bains CFL Cargo Danmark
1806 Walfer INPA

Betribsfäeg, restaureiert vu 1604 Classics a.s.b.l.

1807 Péiteng CFL Cargo Danmark
1808 Verschrott
1809 Verschrott 2021
1810 Verschrott 2013
1811 Ettelbréck Verschrott 1994
1812 CFL Cargo Danmark
1813 Schieren Accident Fenteng 12.6.1997
1814 CFL Cargo Danmark
1815 Kautebaach CFL Cargo Lëtzebuerg, ausser Déngscht (Ersatzdeeler fir d'1806)
1816 Fiels CFL Cargo Danmark
1817 Power Rail (Däitschland)
1818 CFL Cargo Danmark, ausser Déngscht
1819 Prince Henri Verschrott 2008
1820 Beetebuerg CFL Cargo Danmark

Chaudière[änneren | Quelltext änneren]

D'CFL 1800 waren net serieméisseg mat enger Chaudière ekipéiert. Fir mat den CFL Wegmänner an den internationalen Zich op der Nordstreck kënnen ze fueren, kruten eng Rei 1800er Dampchaudièren agebaut. Nodeem d'CFL-Cargo d'Maschinnen iwwerholl huet, goufen d'Heizungen ausgebaut an op déi gewonne Plaz goufen zousätzlech Loftbehälteren angebaut.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: CFL 1800 – Biller, Videoen oder Audiodateien
CFL-Lok 1805 op der Vennbunnbréck bei Bütgenbach