CFL 2000
| Automotrice CFL 2000 | ||
|---|---|---|
D'Automotrice 2006 an der Stater Gare |
||
| Nummeréierung: | 2001-2022 | |
| Stéckzuel: | 22 | |
| Constructeur: | Alstom | |
| Baujoren: | 1990-1992 | |
| Ausmusterung: | Nach a Betrib | |
| Sëtzplazen | 172 | |
| Déngschtmass: | 108,12 Tonnen | |
| Längt iwwer Puffer: | 50.200 mm | |
| Héicht ouni Pantograph: | 4.300 mm | |
| Maximal Achselaascht | 30,14 Tonnen | |
| Héchstvitesse: | 160 km/h | |
| Stroumsystemer: | 25kV 50 Hz Wiesselstroum | |
| Leeschtung: | 1200 kW | |
D'CFL 2000 ass eng Serie vun 22 Automotricen déi bei der CFL an de Joren 1990 bis 1992 ënnert den Nummeren 2001-2022 a Betrib geholl goufen. Am Volleksmond, respektiv vun den Eisebunner, gëtt dëse Modell och "Z2" genannt.
Inhaltsverzeechnes |
Allgemenges [änneren]
Jiddwer Automotrice besteet aus engem motoriséierten Deel, der Motrice, an engem Steierwoon, déi sech optesch net vunenaner ënnerscheeden. An de leschte Joren huet d'CFL dacks d'Motricen an d'Steierween vun den Automotricen ënnertenaner getosch.
D'Automotrice mat der Nummer 2003 ass de 6. Abrëll 1997 um Houwald mat engem Gidderzuch kollidéiert, woubei d'Motrice zerstéiert gouf. De Steierwoon fiert haut ënnert der Nummer 2003 mat enger neier Motrice.
D'2000 fueren dacks als Ramm (Unité multiple) mat bis zu 3 där Automotricen um Stéck. Et wier technesch duerchaus méiglech, méi Unitéiten ze verbannen, mä verschidde Garen am Land hunn en ze kuerze Quai fir esou eng laang Ramm. Doniewent ass d'Demande op den Asazstrecke vun där Serie seelen sou grouss datt eng véiert Motrice géif gebraucht ginn, a wann dach, da ginn déi Zich éischter mat CFL Dosto Material gefuer.
D'Automotrice 2018 gouf op den Numm Troisvierges gedeeft an dréit de Wope vun Ëlwen.
Asaz [änneren]
D'2000er ginn um ganzen CFL Reseau agesat, dacks als Navette op den Antenne vum Reseau:
- Näerzeng - Rëmeleng
- Beetebuerg - Wuelmereng
- Esch-Uelzecht - Däitsch-Oth
- Ettelbréck - Dikrech
- Kautebaach - Wolz
Op den CFL Strecken Lëtzebuerg-Waasserbëlleg an Lëtzebuerg-Péiteng droen d'2000er d'Haaptlaascht. Um Rescht vum Reseau komme se nëmmen sporadesch an den Asaz.
An der Belsch fueren d'2000er nëmmen nach bis op Attem an ganz rar bis op Gouvy. A Frankräich däerfe se, well se net mat dem SNCF-Sécherheetssystem KVB equipéiert sinn, net méi fueren.
Links [änneren]
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: CFL 2000 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Serie 2000 vun der CFL op rail.lu
- D'Serie 2000 vun der CFL op Spoorgroep Luxemburg
- D'Serie 2000 vun der CFL op hirem offiziellen Site
CFL: CFL 150/160 - CFL 1030 - CFL 1600 - CFL 1800 - CFL 2000 - CFL 2100 - CFL 2200 - CFL 3000 - CFL 4000 - CFL-Dosto - CFL Corail - CFL Wegmann - CFL 3600
SNCB: AR 41 - AM 80 - AM 96 - Serie 13 - Serie 15 - Serie 16 - Serie 18 (Siemens) - Serie 20 - Serie 21
Serie 23 - Serie 27 - Voiture M6 - Voiture I6 - Voiture I10 - Voiture I11
SNCF: TGV - BB 15000 - BB 26000 - SNCF Corail
DB: Serie 181
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Automotrice · InterRegio m · InterCity J