CFL 2200

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Automotrice CFL 2200
CFL Class 2200.JPG
Nummeréierung: 2201-2223
Stéckzuel: 22
Constructeur: Alstom Bombardier (Valenciennes)
Baujoren: 2004-2006
2009-2010
Ausmusterung: 2006: 2207
Sëtzplazen 339
Zesummesetzung: 3 Deeler (Z1+Z3+Z5)
Längt iwwer Puffer : 81,1 Meter (27,35m+26,4m+27,35m)
Déngschtmass(eidel): 193 Tonnen (67t+59t+67t)
Déngschtmass(voll besat): 210 Tonnen
Héicht ouni Pantograph: 4.300 mm
Maximal Achselaascht 30,14 Tonnen
Héchstvitesse: 160 km/h
Stroumsystemer: 25kV 50 \mathrm{Hz} Wiesselstroum
1,5kV Gläichstroum
Leeschtung: 2.340 kW

D'CFL 2200 sinn eng Serie vun elektreschen Automotricë fir den Asaz ënnert 25KV Wiesselstroum an 1,5KV Gläichstroum. Si si baugläich mat de franséischen Z 24500 a kënnen och mat deenen Automotricen zu enger Ramm (Unité multiple) zesummegehaange ginn. D'CFL huet 22 där Maschinnen a se vun 2201 bis 2223 nummeréiert.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Allgemenges

Am Eisebunnerjargon ginn déi Automotricë gär "Duscholux" genannt, zum engen, well een duerch déi gliesen Trennwänn, bannena wéi an enger Dusch steet, zum anere well verschidden Automotricë bei der Liwwerung en ondichten Daach haten [Source ?].

Bei Zuch-Fotografe gi se gär als "Computermaus" bezeechent.

D'Automotrice 2207 ass den 11. Oktober 2006 beim Zuchongléck zu Zoufftgen zerstéiert ginn. Den Deel Z1 ass dobäi vollstänneg zerstéiert ginn an den Deel Z3 gouf souwäit zerstéiert datt en net méi konnt reparéiert ginn. Den Deel Z5 huet keen gréissere Schued dervu gedroen a konnt zesumme mat 2 neien Deeler Z1 an Z3 zur neier 2223 zesummegebaut ginn.

[änneren] Asaz

[änneren] Tranche 2010

D'CFL hunn am Joer 2009 bei Alstom/Bombardier eng zweet Serie vun zéng 2200er bestallt fir den akute Manktem ze kompenséieren.[1] Déi nei Tranche ass am Kontext vun der Ouverture vu Belval-Universitéit an den direkten Zuchverbindunge vun där Gare a Richtung Diddenuewen, Lonkech a spéider Virton ze gesinn. [2] Mat der 2223 ass am Januar 2011 déi lescht Maschinn vun der zweeter Serie ausgeliwwert ginn. D'2223 besteet aus dem Deel Z5 vun der 2006 accidentéierter 2207 an aus nei gebauten Deeler Z1 an Z3.

[änneren] Bestand

Nummer Bemierkung Foto
2201
2202
2203 IMG 0490 kleng.jpg
2204 Garepam1.jpg
2205 CFL-2205.JPG
2206 CFL 2206 Hollerich.jpg
2207 2006 beim Zuchongléck zu Zoufftgen zerstéiert ginn.
2208
2209
2210 CFL-2210.JPG
2211 CFL 2211 Hollerich.jpg
2212
2213
2214
2215
2216
2217
2218
2219
2220
2221
2222 gedeeft op den Numm Dippech-Landiras [3]
2223 Den Deel Z5 vun der 2223 ass de fréieren Deel Z5 vun der 2207.

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

  1. http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2010/08/106287/cfl-bekommt-zehn-neue-zuege.php Déi nei Tranche 2200er Lëtzebuerger Wort 4.August 2010
  2. http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/62613/thionville-belval-longwy.php Direkt Verbindung Diddenuewen-Belval-Lonkech Lëtzebuerger Wort 15.Dezember 2009
  3. Dippech huet e Jumelage mat der Gemeng Landiras an der Gironde
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen