CIBETT

Vu Wikipedia
CIBETT
Centre d'intervention de Bettembourg
De CIBETT Logo
Gefierer: 13
Memberen: 151
Dovun: 21 Jugendpompjeeën
Den Asazzenter

De CIBETT (Centre d'intervention de Bettembourg) ass de regionalen Asazzenter vun der Protection Civile zu Beetebuerg.

Den Asazzenter Beetebuerg ass fir de Rettungsdéngscht, den ofwierenden a preventive Brandschutz, sou wéi fir déi technesch Hëllefsleeschtung an der Gemeng Beetebuerg an Ëmgéigend zoustänneg.

Iwwer 2.700 Ambulanzasätz a bal 350 Pompjeesasätz musse pro Joer opgeschafft ginn. An der Flott sinn 13 Asazgefierer, déi gréisstendeels vu fräiwëllege Membere besat gëtt.

Allgemeng[änneren | Quelltext änneren]

D'Häerzstéck vum Asazzenter sinn d'Garagë fir d'Asazgefierer. An zwou grousse Garagen ass genuch Plaz fir den HTLF 1, TMF 23-12, HTLF 2, STLF 5000 an de GW-L2, sou datt am Alarmfall e séiert Besetzen an Ausrécke vun de Gefierer méiglech ass. Ausserdeem ass do e klengt Lager fir Asazmaterial (Stiechliederen, Schläich, Léngten, ...).

Am viischte Beräich vum Gebai, wou déi néideg Installatioune fir d'Desinfektioun an d'Proppermaache vun den Asazgefierer sinn, si Plaze fir déi dräi Ambulanzen an e klengt Lager fir d'Asazmaterial. Dernieft sinn nach zwou Garagen an deenen zwéin Ekippentransportween an de Kommandowon stationéiert sinn.

Garagen
Plaze fir d'Ambulanzen

E grousse Vestiaire, deen direkt nieft der Garage mat den Asazgefierer ass, erméiglecht am Fall vun engem Asaz e séiert Un-an-Ausdoen. All Member huet en eegene Spint fir seng perséinlech Schutzkleedung.

E groussen Atelier am hënneschte Beräich vum Gebai erméiglecht Reparature vun all Zort.

En Otemschutzatelier erméiglecht et d'Otemschutzausrëschtung no all Asaz ze botzen, ze dréchenen an ze préiwen. Och d'Otemschutzfläsche kënnen am Atelier gepréift a gefëllt ginn. Am Kleederpool kënnen d'Memberen hir knaschteg Uniform ofginn a sech frësch, propper Kleeder huelen.

Otemschutzatelier
Den Atelier

Am vergréisserbaren Instruktiounssall gi reegelméisseg theoreetesch an och praktesch Course fir d'Pompjeeën awer och fir d'Ambulanz gehalen. Do ginn och d'Éischt-Hëllefs-Course gehalen, an d'Jugendpompjeeë benotzen de Sall fir hir Übungen. De Sall kann och als Konferenzsall ëmfunktionéiert ginn.

En Openthaltssall bitt de Memberen, déi net an der Géigend vum Asazzenter wunnen, d'Méiglechkeet reegelméisseg Déngscht ze maachen. Am Sall ass eng grouss Kiche mat Kachplack, Spullmaschinn, Mikrowell, Kaffismaschinn, Fernsee an e Sëtzeck mat Bibliothéik.

Am ieweschten Deel vum Openthaltssall sti véier Better mat Schief fir Memberen, déi Nuets iwwer am Asazzenter sinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Asazzenter fir d'Pompjeeën an den Zivilschutz (Protection Civile) gouf uganks der 80er Jore gebaut. De Bau vum neien Zenter war noutwenneg ginn, well d'Asazgefierer virdrun op dräi verschiddene Plaze stoungen. No zwou Erweiderungen (1995 an 1999) huet den Asazzenter haut all dat néidegt Ekipement fir eng stänneg Permanence garantéieren ze kënnen.

Fuerpark Sauvetage[änneren | Quelltext änneren]

HLF 2 1[änneren | Quelltext änneren]

Den HLF 2 1

Den HLF 2 1 gëtt fir technesch Hëllefsleeschtungen a fir d'Brandbekämpfung agesat well e vill Material gelueden huet. Dowéinst réckt e bei Asätz an der Reegel als éischte Won aus.

Daten
Plack AA 2343
Fabrikant Mercedes (Modell 1629)
Opbau Gimaex Schmitz
Baujoer 2008
Besatzung 1+6
Pompelleeschtung 2800 Liter/Min bei 8 bar, Drockloftschaumanlag

HLF 2 2[änneren | Quelltext änneren]

Den HLF 2 2

Och den HLF 2 2 gëtt fir technesch Hëllefsleeschtungen a fir d'Brandbekämpfung agesat. Fir d'Brandbekämpfung huet en e Waassertank vun 2000 Liter, souwéi e Schaummëtteltank vun 200 Liter. An der Kabinn si 5 Iwwerdrockotemschutzapparater (300 Bar) mat Compositfläschen. Fir déi technesch Hëllefsleeschtung bei Verkéiersaccidenter ass de Won mat engem hydraulesche Rëschtsaz ekipéiert.

Daten
Plack MB 148
Fabrikant M.A.N (Modell 14 284)
Opbau Rosenbauer
Baujoer 2001
Besatzung 1+5
Pompelleeschtung 2800 Liter/Min bei 8 bar

TMF 2 1[änneren | Quelltext änneren]

Den TMF 2 1

Den TMF (Teleskopmastfahrzeug),p mat enger Nennrettungshéicht vun 23 Meter bei 12 Meter Ausleeung an enger maximaler Aarbechtshéicht vun 32 Meter, gëtt virun allem bei 'Rettung vu Mënschen aus Héichten oder Déiften, awer och bei Bränn oder aner techneschen Asätz agesat.

Daten
Plack AM 0707
Fabrikant M.A.N
Opbau Ziegler / Bronto Skylift
Baujoer 2011
Besatzung 1+2
Aarbechtshéicht 32 Meter
Nennrettungshéicht 23 Meter / 12 Meter

ULF 1 1 (STLF 5000) (Universallöschfahrzeug)[änneren | Quelltext änneren]

Den ULF 1 1

Enn 2011 krut de CIBETT e Sonder-Tanklöschfahrzeug STLF5000 TAA, nei ULF 1 1. Dee Won gëtt virun allem bei Bränn agesat an zeechent sech duerch säi grousse Waassertank vu 5800 Liter aus. Des Weidere si Sonnerläschmëttel souwéi eng leeschtungsstaark Pompel a weidert Geschier beim Material. Landeswäit goufen nëmmen dräi baugläich Gefierer ugeschaaft, fir spéider regional agesat ze ginn.

Daten
Plack BT 2343
Fabrikant M.A.N
Opbau Gimaex / Comes
Baujoer 2011
Besatzung 1+2

MZF 2 1 (Mehrzweckfahrzeug)[änneren | Quelltext änneren]

Den MZF 2 1

Mam MZF 2 1 kënne verschidde beluede Rollcontaineren transportéiert ginn. Je no Asazlag kënnen d'Chargë liicht a séier ugepasst ginn.

Daten
Plack GW 2343
Fabrikant Mercedes (Modell 1329)
Opbau Hensel Fahrzeugbau GmbH
Baujoer 2014
Besatzung 1+5

ELW 1 1 (Einsatzleitwagen)[änneren | Quelltext änneren]

Den ELW 1 1

Am viischten Deel vum Won ass e komplett ekipéierte Büro, dee bei gréisseren Asätz als mobil Asazzentral déngt.

4 Sëtzplazen an e groussen Dësch erlaben d'Schaffe vu méi Persoune gläichzäiteg. De Büro ass mat 3 individuelle Funken, 2 Telefonen, engem Computer mat Internetuschloss an E-Mail, sou wéi e Printer, e Fax an eng Rei Schief fir d'Verstaue vu Classeuren ageriicht.

Ausserdeem sinn an der Kabinn 2 mobil Funken, 2 Täscheluuchten, sou wéi en Noutfallrucksak, fir och bei engem Asaz direkt mobil hëllefen ze kënnen.

Am hënneschten Deel vum Wo sinn zwéi vu baussen erreechbar Geschierraim.

Daten
Plack AA 1706
Fabrikant Mercedes (Modell Sprinter)
Opbau Carrosserie Comes
Baujoer 2009
Besatzung 1+3

KDOW 1 (Kommandowagen)[änneren | Quelltext änneren]

Den KDOW 1

Enn 2011 krut den Asazzenter en neit Asazgefier, e Kommandowon KDOW. Den neie Won déngt als Transportmëttel vu Féierungskräften a Personal bei Coursen oder Asätz.

Daten
Plack SW 6400
Fabrikant Mercedes-benz (GLK 220)
Opbau Carrosserie Comes
Baujoer 2011
Besatzung 1+4

KDOW 2 (Kommandowagen)[änneren | Quelltext änneren]

Den KDOW 2

Am Mee 2014 krut den Asazzenter vu Beetebuerg, wéi jiddweree vun de 24 Asazzenteren, vun der Administration des services de secours, e Ford Kuga als Kommandowon.

Dëse Won gëtt virun allem fir Déngschtfaarte benotzt.

Daten
Plack AA 4137
Fabrikant Ford (Modell Kuga)
Opbau Hensel Fahrzeugbau GmbH
Baujoer 2014
Besatzung 1+4

MTW 1 (Mannschaftstransportwagen)[änneren | Quelltext änneren]

Den MTW 1

Dëst Gefier déngt als Transportmëttel vun 9 Leit. E gëtt fir Visitten, bei Coursen a fir Materialtransport agesat.

Bei groussen Asätz mat méi Blesséierte kënne mam MTW och Liicht- an Onverletzter an d'Spidol gefouert ginn.

Des Weidere gëtt dësen MTW och vun der Déiererettungsunitéit (GIV - Groupe d'Intervention Vétérinaire) agesat.

Daten
Plack AA 3036
Fabrikant Ford (Modell Transit)
Baujoer 2011
Besatzung 1+8

MTW 2 (Mannschaftstransportwagen)[änneren | Quelltext änneren]

Den MTW 2

Genee wéi de MTW 1, gëtt och dëse Won als Transportmëttel, fir d'Memberen a Coursen ze féieren, benotzt. Sou kënnen déi primär Asazween asazbereet bleiwen.

Och hei, kann de MTW 2 bei gréisseren Asätz mat méi Verletzten, als Transportwon vu Liicht- an Onverletzter agesat ginn.

Daten
Plack NG 601
Fabrikant Ford (Modell Transit)
Baujoer 2001
Besatzung 1+8

Fuerpark Ambulanz[änneren | Quelltext änneren]

RTW 1 (Rettungstransportwagen)[änneren | Quelltext änneren]

Den RTW 1

De Rettungstransportwon (Ambulanz) réckt aus, wann eng Persoun akut erkrankt ass oder sech blesséiert huet an dringend medezinesch Hëllef brauch. D'Ambulanz ass mat 3 ausgebilten Ambulanciere besat an ass mam néidege Material fir erweidert Éischt Hëllef ausgerëscht.

Daten
Plack AA 4816
Fabrikant Mercedes (Modell Sprinter)
Opbau Binz
Baujoer 2016
Besatzung 1+2

RTW 2 (Rettungstransportwagen)[änneren | Quelltext änneren]

Den RTW 2

Wann de RTW 1 schonn ausgeréckt ass an e weideren Asaz erakënnt da gëtt de RTW 2 agesat fir den zweeten Asaz z'iwwerhuelen.

Vun der Besatzung a Material hier ass de RTW 2 d'selwecht opgebaut wéi de RTW 1.

Daten
Plackennummer AA 4228
Fabrikant Mercedes (Modell Sprinter)
Opbau Binz
Baujoer 2014
Besatzung 1+2

RTW 3 (Rettungstransportwagen)[änneren | Quelltext änneren]

Den RTW 3

Och de RTW 3 ass méi oder wéineger d'selwecht opgebaut wéi de RTW 1 an 2 a gëtt och fir déi selwecht Zwecker benotzt.

Wéinst den nidderegen Ausréckzuele vum RTW 3, gëtt dëse Won zousätzlech och fir Permanencen agesat. Bei ëffentlechen Evenementer, Concerten, a.s.w. gëtt op Ufro vum Organisateur eng oder méi Ambulanze bereetgestallt fir am Fall vun engem medezineschen Noutfall eng séier Versuergung an en Transport an e Spidol ze garantéieren.

Daten
Plackennummer AA 2984
Fabrikant Mercedes (Modell Sprinter)
Opbau Binz
Baujoer 2010
Besatzung 1+2

Vëloen[änneren | Quelltext änneren]

Déi zwéi Vëloen

Déi zwéi Vëloen déi mat enger Éischt-Hëllef-Täsch ausgerëscht sinn, goufe virun allem fir den Asaz bei Permanencë wéi zum Beispill beim Rock-A-Field oder bei der "Nuits des Merveilles" ugeschaaft.

Daten
Opbau Eegebau
Baujoer 2012
Besatzung 1

Jugendpompjeeën[änneren | Quelltext änneren]

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

1972 gegrënnt, ziele momentan ronn 26 Jugendlech aus den Uertschafte Beetebuerg an Ëmgéigend zu de Jugendpompjeeën vun der Gemeng Beetebuerg.

Den Logo vun de Jugendpompjeeën

Nieft Übungen, ginn och verschidde sportlech a kulturell Aktivitéiten organiséiert, bei deenen Jugendlech kënne matmaachen. Dozou gehéieren ënner anerem de Kantonalcross, Schwammmeeschterschaft, Zeltlager, Wanterwanderung, Pressiounen a méi.

Déi Jugendlech gi vun erfuerene Pompjeeën, déi eng Zousatzausbildung am Beräich vun der Jugendaarbecht hunn, bei all Aktivitéit begleet an ënnerstëtzt. Déi Jugendlech vun 8 bis 16 Joer ginn domat optimal virbereet fir spéider an den aktiven Déngscht eriwwerzegoen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]