CR104
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| CR104 | ||
| Land: | ||
| Direktioun: | Vun Nouspelt op d'Simmerschmelz |
|
| Verlaf an Uschlëss | ||
| Nouspelt | ||
| Olmesbur | ||
| Simmerschmelz | ||
Den CR104 ass e Chemin repris am Kanton Kapellen
Den CR104 huet säin Ufank zu Nouspelt op der Kräizung mat dem CR103A an CR104A bei der Kierch.
Vun do aus féiert en no Norden iwwer de Plateau vun der Scheierheck wou seng héchste Plaz op enger Héicht vun 361 m ass. Duerno geet et de Bierg af duerch eng Griecht am Bësch mam Numm Bréibierg.
Um Olmesbur wou en Uschloss un den CR189 huet, dréint en an enger 180° Kéier an Direktioun Simmerschmelz, wou en dann, nodeems en iwwer d'Äisch ewech ass, op der Kräizung mat dem CR105 säin Enn huet.
Zoustänneg fir den Ënnerhalt vum Wee ass de Regionalservice vun der Kap, vun der Bauverwaltung.
Den CR104 ass ronn 4.650 m laang.