CR106

Vu Wikipedia
CR106
Land: Lëtzebuerg
Direktioun: Vun Esch-Lalleng
op Rued
Laf an Uschlëss
Lalleng N 4 N 4C
Härefeld A 4
Monnerech CR 172
Lampech CR 172 CR 178
Sprénkeng CFL-Linn
Péiteng-Lëtzebuerg
Schuller N 5
CR 106A
Duelem N 13
Héiweng CR 101
Koler Äisch
Bommert CR 110D
Klengbetten CR 110
CFL-Linn 5
Am Bruch Atertlinn
Stengefort N 6
Simmertrausch CR 108
Habscht CR 105
Äisch
CR 106B
Kräizerbuch N 8
Schweech CR 301
Laach Huewelerbaach
Ielwen CR 301
Näerden N 24
Nidderpallen Pall
CR 106C
Réiden op der Atert Atert
N 22
Nojem CR 301
Rued CR 303

Den CR106 ass e Chemin repris an de Kantonen Esch, Capellen a Réiden.

En huet säin Ufank zu Esch-Lalleng bei der Lallenger Kierch op der Kräizung mat der N4 an der N4C. Vun do aus féiert en da laanscht de Lallenger Kierfecht, ënner der Escher Autobunn erduerch, laanscht de Lallenger Tipp op Monnerech, a da weider iwwer Lampech a Sprénkeng op Schuller.

Zu Schuller vun der Kräizung mat der N5 un, déi vu Lëtzebuerg op Péiteng féiert, leeft en da weider gréisstendeels an Direktioun Norden op Duelem. Zu Duelem op der Kräizung mat der Dräikantonstrooss, dréint en dann no Westen, fir iwwer Groussbéiweng an Héiweng op seng héchst Plaz um Réibierg mat 391 m ze kommen.

Vun do aus geet an dann de Bierg erof op Koler an den Dall vun der Äisch, duerno ënner der Areler Autobunn erduerch weider iwwer Klengbetten. Nodeem en zu Klengbetten iwwer d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Arel ewech ass, féiert e weider op Stengefort. Tëscht Klengbetten a Stengefort kräizt en d'Atertlinn, an zu Stengefort selwer leeft e ronn honnert Meter iwwer d'N6 fir dann no lénks op Habscht ofzebéien.

Zu Habscht geet et da biergof, op der Kräizung mam CR105 iwwer d'Äisch, fir duerno de Bierg erop, duerch d'Habschter Steekaul bis op d'Kräizerbuch ze kommen, wou en op enger Héicht vun 382 m Uschloss un d'N8 huet.

Vun do geet féiert en op enger Längt vu vu ronn 320 m iwwer d'N8 fir op der zweethéchster Plaz vun 387 m da weider an den Dall vun der Huewelerbaach ze kommen, iwwer déi en tëscht Schweech an Ielwen kënnt.

Zu Näerden, wou eng kleng Streck vu ronn 200 m an Direktioun Biekerech iwwer d'N24 leeft, béit en dann no riets af fir iwwer Nidderpallen op Réiden op der Atert ze kommen.

Do huet e bei der Kierch Uschloss un d'N22, iwwer déi en da ronn 800 m an Direktioun Ell leeft. Da béit en no riets af an den Dall vun der Fräsbech, a féiert da praktesch de ganzen Zäit an deem Dall iwwer Nojem a Lannen bis op Rued wou en dann op der Kräizung mat dem CR303 säin Enn huet.

Den CR106 ass ronn 43,0 km laang.

Äerdrutsch vum 13. Mäerz 2014[änneren | Quelltext änneren]

Den 13. Mäerz 2014 ass et am Owend zu engem Äerdrutsch vum Lallenger Tipp op Monnerecher Terrain komm, woubäi den CR106 op enger Längt vun zirka 400 Meter verschott a beschiedegt gouf an net méi ze passéiere war.[1] Doduerch war de "Centre d'éducation différenciée", dee just op där Plaz läit, vun der Monnerecher Säit aus net méi z'erreechen. Op der Escher Säit hu Beem déi ëmgefall waren eng Zäitchen d'Entrée vum Centre blockéiert.

D'Ursaach vum Äerdrutsch[änneren | Quelltext änneren]

No zwou Etudë stoung fest datt zirka 550.000 Tonne Buedem gerutscht sinn. Als Ursaach gouf als Haaptfaktor den aussergewéinlech héije Grondwaasserspigel zu där Joreszäit ugesinn. Eng gipshalteg Buedemschicht e puer Meter ënner der natierlecher Uewerfläch ass duerch d'Grondwaasser onstabil ginn an huet wéi eng rutscheg Schicht funktionéiert.[2]

Den neien Deel vum CR106, deen nom Äerdrutsch vun 2014 tëscht Monnerrech an Esch gebaut gouf.

Den 23. Oktober 2015 gouf en neien Tracé vum CR106 vum Nohaltegkeetsminister Bausch an der Ëmweltministesch Dieschbourg virgestallt, deen eng 720 m laang ass an eng 40 m ewech vun der Plaz vum Äerdrutsch geet. E kritt eng Vëlospiste. Fir d'Bauaarbechte waren 2,4 Millioune virgesinn; si hunn am Mäerz 2016 ugefaangen.[3]

Den 2. Oktober 2017 gouf deen neien Tracé offiziell fir de Verkéier opgemaach.[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: CR106 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Erdrutsch in Esch: Erdmassen offenbar stabilisiert op Wort.lu
  2. Monnericher Bauschuttdeponie: Ein Jahr nach dem Erdrutsch op wort.lu, 13. März 2015 15:31
  3. "Présentation du tracé et du calendrier relatifs au rétablissement du CR106 entre Mondercange et Esch-Lallange." gouvernement.lu, 23.10.2015 (17:02).
  4. "Das Drama um die CR106 hat ein Ende." tageblatt.lu, 21. September 2017. 18:52.