CR160

Vu Wikipedia
CR160
Land: Lëtzebuerg
Direktioun: Vun Diddeleng bis
op d'franséisch Grenz
Laf an Uschlëss
Diddeleng CR 184
CR 161
Penkenuecht CFL-Linn
Lëtzebuerg-Dijon
Franséisch Grenz

Den CR160 ass e Chemin repris am Kanton Esch-Uelzecht um Gebitt vun der Gemeng Diddeleng a geet vum Zentrum vun Diddeleng a südëstlecher Richtung bis op d'franséisch Grenz, wou en Uschloss huet mat engem Wee, deen op Zoufftgen féiert, wou en Uschloss un d'Departementsstrooss D56 huet.

Zu Penkenuecht geet e mat enger Bréck iwwer d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Dijon, an zwar do, wou fréier den Diddelenger Tunnel war.

Den CR160 ass ronn 2,8 km laang.

Den CR160 a Richtung franséisch Grenz gesinn