CSI: Crime Scene Investigation
Televisiounsserie
| Daten | ||
|---|---|---|
| Originaltitel: | CSI: Crime Scene Investigation | |
| Produktiounsland: | USA | |
| Éischt Folleg: | 2000, USA | |
| Dauer: | 42 Minutten | |
| Originalsprooch: | Englesch | |
| Folgen: | 194+ an 9+Staffelen | |
| Equipe | ||
| Iddi: | Anthony E. Zuiker | |
| Produzent: | Jerry Bruckheimer | |
| Haaptacteuren | William Petersen: Dr. Gilbert Arthur „Gil“ Grissom Marg Helgenberger: Catherine Willows Gary Dourdan: Warrick Brown George Eads: Nicholas „Nick“ Stokes Jorja Fox: Sara Sidle Paul Guilfoyle: James „Jim“ Brass |
|
CSI oder C.S.I. (an Däitschland: CSI - Den Tätern auf der Spur, an der Schwäiz CSI – Las Vegas) ass eng US-amerikanesch Televisiounsserie, bei där et ëm d'Aarbecht vun engem spezielle Service bei der Police geet, dee bei Verbriechen no Beweiser a Spure sicht. D'Serie spillt zu Las Vegas (Nevada). Si leeft vu September 2000 un an den USA, um Sender CBS, an huet do déi héchsten Aschaltquoten.
Produzent ass de Jerry Bruckheimer. D'Idee ass vum Anthony E. Zuiker. D'Titellied ass Who Are You vun der Grupp The Who.
Bis 2008 si 9 Staffele mat am Ganzen 194 Episode gedréit ginn.
Wéinst dem groussen Erfolleg sinn nach zwéin Ofleeër produzéiert ginn: CSI: Miami (vun 2002 un) an CSI: New York (vun 2004 un).
[änneren] Beschreiwung
Iwwerfäll, Selbstmuerd, Muerdfäll an aner Gewaltverbriechen gehéieren zum Alldag beim Team vun der Spuresëcherung beim CSI vu Las Vegas. D'Mataarbechter léisen hir Fäll andeems si Beweiser um Tatuert genau studéieren, analyséieren an auswäerten. De Forensiker Gil Grissom ass den Teamchef. Zu sengem Team gehéieren d'Catherine Willows, eng Mamm déi hiert Kand ouni Papp erzitt a d'Aarbecht an hiert d'Privatliewe probéiert ënnert een Hut ze kréien, den Nick Stokes an de Warrick Brown, déi doranner konkurréieren ween de Fall als éischte léist, d'Sara Sidle, eine jonk Forensikerin an de Captain Jim Brass, dee bei der Muerdkommissioun schafft, a fréier och beim CSI war.
[änneren] Besetzung
| Rang | Rollenumm | Schauspiller | Dauer vun der Haaptroll | Nieweroll | Funktioun | ||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Staffelen | Episoden | Staffelen | Episoden | ||||
| CSI-Rang 4 | Dr. Gilbert Arthur „Gil“ Grissom | William Petersen | 1-9 | 1–152, 155-192 | C.S.I. | ||
| CSI-Rang 3 | Catherine Willows | Marg Helgenberger | 1– | 1– | C.S.I. | ||
| CSI-Rang 3 | Warrick Brown † | Gary Dourdan | 1-9 | 1-183 | C.S.I. | ||
| CSI-Rang 3 | Nicholas „Nick“ Stokes | George Eads | 1– | 1– | C.S.I. | ||
| CSI-Rang 3 | Sara Sidle | Jorja Fox | 1-8 | 2-172 | 9 | 183-184 187, 192 |
C.S.I. |
| CSI-Rang 3 | Gregory „Greg“ Hojem Sanders | Eric Szmanda | 3- | 47- | 1-2 | 1-46 | C.S.I. |
| Capt. | James „Jim“ Brass | Paul Guilfoyle | 1- | 1- | LVPD (Police) | ||
| Det. | Sofia Curtis | Louise Lombard | 5-7 | 99-165 | 8 | 166 | LVPD (Police) |
| Dr. | Albert „Al“ Robbins | Robert David Hall | 3- | 47- | 1-2 | 6-46 | Geriichtsmedezin |
| Medezin-Assistent | David Phillips | David Berman | 1- | 5- | Geriichtsmedezin | ||
| CSI-Rang 2 | Riley Adams | Lauren Lee Smith | 9- | 185- | C.S.I. | ||
| Techniker | David Hodges | Wallace Langham | 8- | 166- | 3-7 | 57- | C.S.I. |
| Technikerin | Wendy Simms | Liz Vassey | 6- | 123- | C.S.I. | ||
| CSI-Rang 3 | Michael Keppler † | Liev Schreiber | 7 | 153-156 | C.S.I. | ||
| CSI-Rang 1 | Dr. Raymond Langston | Laurence Fishburne | 9- | 191- | C.S.I. | ||
[änneren] Auszeechnugen
- 2000: TV Guide Award als beschte nei Serie
- Golde Globe als beschten Drama-Serie
| Commons: CSI: Crime Scene Investigation – Biller, Videoen oder Audiodateien |