CS Gréiwemaacher

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
CS Gréiwemaacher
CS Gréiwemaacher
Offiziellen Numm: Club Sportif Grevenmacher
Veräinsfaarwen: Blo
Grënnung: August/Oktober 1908,
offiziell: 1909
Stadion: Op Flohr,
Gréiwemaacher
Plazen: 4 000
President: Jacques Plumer
Trainer: Marc Thomé
Liga: BGL Ligue
2010/11 Nationaldivisioun, 6. Plaz
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den CS Gréiwemaacher (offiziell C.S. Grevenmacher) ass e lëtzebuergesche Foussballclub zu Gréiwemaacher. Den CSG gouf tëscht August an Oktober 1908 als Stade Mosellan Grevenmacher gegrënnt an ass d'Joer drop Member an der Federatioun ginn. 1914 krut de Veräi säin haitege Numm. D'éischt Härenequipe vu Gréiwemaacher war tëscht 1994 an 2002 siwe vun néng Kéiere Lëtzebuerger Vizechampion ier et dunn an der Saison 2002/2003 fir de Champion duergaangen ass. Déi Maacher hunn dat Joer souguer nach den Doublé gepackt andeems se d'Coupe de Luxembourg gewonnen hunn.

Den CSG spillt seng Matcher am Stade op Flohr zu Gréiwemaacher. De Stade huet Plaz fir 4.000 Leit, dovu 500 Sëtzplazen op der gedeckter Tribün.

Nationale Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerger Championnat:

  • Champion (1x): 2003
  • Vizechampion (7x): 1994, 1995, 1996, 1997, 2000, 2001, 2002

Coupe de Luxembourg:

  • Gewënner (3x): 1995, 1998, 2003
  • Finalist (4x): 1951, 1953, 1954, 1959

Europäesch Kompetitiounen[änneren | Quelltext änneren]

Gréiwemaacher war 2004 no drun eng Ronn am UEFA Intertoto Cup (UI Cup) géint d'Finne vun Tampere virun ze kommen. Nodeem zweemol gläichgespillt gouf (1-1, 0-0), huet den CSG wéinst der Auswäertsgoalregel um Enn awer de kierzere gezunn.

Saison Kompetitioun Ronn Land Club Resultat
1994/95 UEFA Cup Q Flag of Norway.svg Rosenborg Trondheim 1-2, 0-6
1995/96 EP Pokalgewënner Q Flag of Iceland.svg KR Reykjavik 3-2, 0-2
1996/97 UEFA Cup VQ Flag of Georgia (bordered).svg Dinamo Tiflis 0-4, 2-2
1997/98 UEFA Cup VQ Flag of Croatia.svg Hajduk Split 1-4, 0-2
1998/99 EP Pokalgewënner Q Flag of Romania.svg Rapid Bukarest 2-6, 0-2
2000/01 UEFA Cup Q Flag of Finland (bordered).svg HJK Helsinki 1-4, 2-0
2001/02 UEFA Cup Q Flag of Greece.svg AEK Athen 0-6, 0-2
2002/03 UEFA Cup Q Flag of Cyprus (bordered).svg Anorthosis Famagusta 0-3, 2-0
2003/04 Champions League Q Flag of Bosnia and Herzegovina.svg FK Leotar Trebinje 0-0, 0-2
2004 UI Cup 1R Flag of Finland (bordered).svg Tampere United 1-1, 0-0
2006 UI Cup 1R Flag of Slovakia (bordered).svg FC Nitra 2-6, 0-6
2008/09 UEFA-Pokal Q Flag of Iceland.svg FH Hafnarfjörður 2:3, 1:5
2009/10 Europa League Q Flag of Lithuania.svg Vėtra Vilnius 0:3, 0:3
2010/11 Europa League Q Flag of Ireland (bordered).svg FC Dundalk 3:3, 1:2
Q = Qualifikatiounsronn, 1R = Éischt Ronn, VQ = Virqualifikatioun

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Foussball Veräiner an der BGL LIGUE (Nationaldivisoun) 2014/15  BGL Ligue
FC Etzella Ettelbréck - FC Déifferdeng 03 - F91 Diddeleng - CS Fola Esch - CS Gréiwemaacher - US Hueschtert - FC Jeunesse Kanech - Jeunesse Esch - US Munneref - Progrès Nidderkuer - US Rëmeleng - UN Käerjeng 97 - FC Victoria Rouspert - FC Wolz 71