CS Péiteng
| CS Péiteng | ||||
| Offiziellen Numm: | Club Sportif Pétange | |||
| Veräinsfaarwen: | Schwaarz-Blo | |||
|---|---|---|---|---|
| Grënnung: | 1910 | |||
| Stadion: | Stade Municipal, Péiteng |
|||
| Plazen: | 2 400 | |||
| President: | Pascal Wagner | |||
| Trainer: | Paulo Gomes | |||
| Liga: | BGL Ligue | |||
| 2010/2011 | 7. | |||
|
|
||||
CS Péiteng (offiziell Club Sportif Pétange) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vu Péiteng. De Veräi gouf 1910 gegrënnt an huet 1913/1914 fir d'éischte Kéier am Championat matgespillt. Vun der Saison 2004/05 un war Péiteng, no fënnef Joer an der Éierepromotioun, nees an der Nationaldivisioun vertrueden. No der Saison 2007/08 spillt de Veräin, no enger 14. a leschter Plaz, nees an der Éierepromotioun. 2008/2009 geléngt dann erëm den Opstig an d'Nationaldivisioun.
Gréisste Succès an der Veräinsgeschicht war d'Victoire géint den FC Cebra 01 (5-0) an der Finall vun der Coupe de Luxembourg 2004/2005 de 14. Mee am Stade Josy Barthel.
Inhaltsverzeechnes |
Nationale Palmarès[änneren]
- Gewënner (1x): 2005
- Finalist (1x): 1992
Europäesch Kompetitiounen[änneren]
| Saison | Kompetitioun | Ronn | Land | Club | Resultat |
|---|---|---|---|---|---|
| 2005/06 | UEFA Cup | 1Q | AC Allianssi | 1-1, 0-3 |
- * 1Q = Éischt Qualifikatiounsronn
Spiller an Trainer[änneren]
Spillerkader Saison 2010/11[änneren]
| Numm a Positioun | Gebuertsdatum | Nationalitéit | |||
|---|---|---|---|---|---|
| Gol | |||||
| Philippe Felgen | 08.10.1975 | ||||
| Christophe Gasparotto | 21.11.1976 | ||||
| Samin Redzepagic | 01.10.1990 | ||||
| Ofwier | |||||
| El Hadji Ousseynou Dione | 25.03.1973 | ||||
| Papa Aye Dione | 08.03.1986 | ||||
| Tim Lehnen | 17.06.1989 | ||||
| Noumeke Sissoko | 08.11.1979 | ||||
| Arthur Kruser | 12.03.1989 | ||||
| Yamukile Mutuale | 25.08.1987 | ||||
| Jeremy Neves | 18.08.1993 | ||||
| Mëttelfeld | |||||
| Denis Neger | 22.05.1988 | ||||
| Carlo Dinis Antunes | 12.10.1982 | ||||
| Gilles Kettels | 28.06.1988 | ||||
| Odeilton De Oliveira Rodrigues | 11.06.1977 | ||||
| Dylan Nissan | 07.11.1988 | ||||
| David Texeira Cacador | 17.12.1986 | ||||
| Sebastien Thill | 29.12.1993 | ||||
| Admir Sabotic | 15.06.1987 | ||||
| Alen Alomerovic | 21.03.1988 | ||||
| Mourad Boukellal | 17.01.1976 | ||||
| Ugrëff | |||||
| Claudio Beretta | 19.10.1993 | ||||
| Mino Fiorentino | 17.07.1988 | ||||
| Jens Kirchen | 13.02.1989 | ||||
| Anel Pjanic | 26.12.1983 | ||||
| Nedim Cirikovic | 13.06.1988 | ||||
| André Steger | 27.05.1986 | ||||
| Thibaut Thonon | 05.02.1987 | ||||
| Chris Sagramola | 25.02.1988 | ||||
| Soriba Camara | 05.02.1974 | ||||
| (Stand vun allen Daten: August 2010) | |||||
Aktuell Trainer a Betreier[änneren]
| Numm | Funktioun |
|---|---|
| Paulo Gomes | Trainer |
| Mourad Boukellal | Kotrainer |
| Paul Schanen | Golkeeper-Trainer |
| Lucien Lucas | Betreier |
| Domingos Miranda | Betreier |
Terrain[änneren]
Fréier huet den CS Péiteng am Stade Antoine Nangeroni vu Péiteng gespillt. Dee gouf allerdéngs an den 90er Jore wéinst dem Bau vun der N31 ofgerappt.
De neie Stade Municipal zu Péiteng ass offiziell fir 2400 Leit zougelooss mat 400 Sëtzplazen op der iwwerdeckter Tribün. Den Haapterrain ass 110 op 64 Meter grouss. Den Trainingsterrain direkt niewendrun huet 100 op 60 Meter. Di zwéin Terraine hunn eng Beliichtung.