Cactus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Supermarchéschaîne Cactus. Fir d'Planzenaarten ("Kakteeën"), Sg. "Kaktus", kuckt w.e.g. Cactaceae.
Supermarché Cactus zu Esch-Lalleng (2012)

Cactus ass den Numm vun enger Lëtzebuerger Supermarchéschaîne, déi hire Sëtz um Wandhaff huet. Et ass dëst eng vun deene bedeitendste Familljen-Entreprisen zu Lëtzebuerg. Ënner de Marke "Cactus", "Super Cactus", "Cactus Marché" a "Cactus-Shoppi" bedreift se Supermarchéen, Hypermarchéen a Geschäfter mat Liewensmëtteleenzelhandel. Och eng Rëtsch spezialiséiert Butteker, vu Blumme bis zu CDen, gehéieren zu der Grupp.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1900 huet de Joseph Leesch eng Epicerie gegrënnt, déi en 1905 zesumme mam Michel Donven zu engem Grousshandel fir Liewensmëttel ausgebaut huet. 1928 sinn déi zwéi getrennt Weeër gaangen an dem Joseph Leesch seng dräi Jongen Arthur, Jacques an Aloyse hunn eng nei Gesellschaft, "Leesch Frères", gegrënnt a sou d'Geschäft weidergefouert. 1930 hu se eng Kaffisréischterei an der Stroossbuerger Strooss an der Stad opgemaach.

1955 hunn d'Jonge vum Arthur Leesch, de Paul an den Alfred, d'Geschäft an der drëtter Generatioun iwwerholl. 1962 hu se den éischte Self-service, de "VIVO" an der Stroossbuerger Strooss, opgemaach. 1966 ass de Kaffisbuttek Bruno nokomm.

Den éischte Supermarché mam Numm Cactus ass den 19. Oktober 1967 zu Bäreldeng opgemaach ginn, ee Joer drop deen zweeten zu Esch op der Brillplaz am Gebai, an deem de Kino Rex virdru war. Eng Rëtsch Supermarchéen uechtert d'Land sinn an deene Joren duerno nokomm.

1974 huet d'Entreprise hir éischt Shopping Mall, de "Shopping Center Belle Etoile" zu Bartreng ageweit. Während sech de Grupp bis dohi gréisstendeels selwer finanzéiert hat, andeems e méi séier verkaaft huet wéi d'Rechnunge vun de Fournisseuren ze bezuele waren, war dat mam Projet Belle Étoile, deen 268 Millioune Frang kascht huet (100 Millioune méi wéi geplangt), net méi méiglech. Aus där Zäit kënnt d'Relatioun tëscht dem Paul Leesch an dem Robert Reckinger, deen Direkter vum CIAL (zanter 1991 vun der Banque de Luxembourg iwwerholl) zu Lëtzebuerg war.

Et war u sech geplangt, datt de Grupp no der Belle Étoile séier e weidere Shopping Mall zu Bouneweg géif opmaachen. Den Terrain dofir war schonn 1975 kaaft ginn. Dunn ass awer mam Gesetz vum 26. August 1975 eng Gesetzesännerung dotëscht komm, déi fir Eenzelhandels-Geschäfter vu méi wéi 600 m² eng speziell Autorisatioun agefouert huet, déi refuséiert kéint ginn, wann den Equiliber am Commerce a Fro gestallt wier. De facto war et dem Cactus duerno onméiglech weider grouss Geschäfter opzemaachen. De Grupp huet du mat groussem Succès ugefaange Supermarchée vu 600 m² mat Restauranten a Verkafstéiken déi baussent dem Supermarché louchen, a sou bei d'Restaurantë gerechent goufen, fir déi et keng Limit gouf. De Paul Leesch sot dozou, datt de Grupp u sech Restaurante mat Supermarchéen opgemaach huet. Dat éischt sou Geschäft war de Cactus Dikrech, duerno koume Péiteng, Réimech an och nach Miersch. Fir de Verglach: de Cactus Bäreldeng hat schonn 1967 1.100 m².

1979 huet den éischten Traîteur vun der Entreprise, "de Schnékert" an der Stad, seng Dieren opgemaach. De Cactus war du schonn net méi eng eenzeg Gesellschaft mä e vertikal integréierte Grupp vu Sociétéiten, wéi d'Akafszentral Resuma, d'Caresta fir d'Restauratioun, d'Carnesa fir d'Metzlerei, d'Caflora fir d'Blummen oder d'Cafruta fir d'Uebst an d'Geméis. Dëse Modell hat de Paul Leesch bei der Schwäizer Migros ofgekuckt.

1989 gouf am Centre Commercial Cactus Houwald deen éischte Free Flow Restaurant agefouert. Am selwechte Joer gouf de Sëtz vun der Entreprise op de Wandhaff verluecht.

1994 an 1995 goufen déi éischt Do-it-yourself-Geschäfter ënner dem Numm "Cactus Hobbi" um Houwald, zu Dikrech an zu Esch opgemaach.

2001 huet de Paul Leesch sech aus dem Geschäft zréckgezunn. Säi Jong, de Max Leesch huet d'Presidence vum nei geschafenen Directoire vu 7 Leit iwwerholl. De Laurent Schonckert ass Generaldirekter.

2008 ass Cactus eng Kooperatioun mat de Pëtrolsfirmen Total a Gulf agaangen an huet ënner dem Numm Cactus-Shoppi Gechäfter an enger Rei Tankstelle vun deene zwou Firmen opgemaach.

Am Joer 2009 huet Cactus ähnlech wéi d'Konkurrenz eng Clientskaart agefouert.

2011 huet d'Firma ënner dem Numm Cactus@home en Internetgeschäft opgemaach, wou d'Leit hiren Akaaf online bestelle kënnen. D'Saache kréie se dann heem geliwwert.

De Grupp Cactus haut[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Joer 2006 huet de Grupp Cactus en Ëmsaz vun enger 750 Milliounen Euro uginn.[1] Mat 3.900 Leit war et 2011 no ArcelorMittal den zweetgréisste privaten Employeur zu Lëtzebuerg.[2]

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

D'Wiel vum Numm Cactus, deen de Paul Leesch erausgesicht hat, war vum Jacques Dutronc sengem Lidd Les Cactus vun 1966 beaflosst ginn. Wichteg war, datt et d'Wuert "Cactus" an allen zu Lëtzebuerg geleefege Sprooche ginn ass. D'Verbindung vun de Kaktus-Planze mat der Firma Cactus ass och am Firme-Logo an am Maskottche Yuppi däitlech ginn. Bei der Erëffnung vun neie Geschäfter a Supermarchéen huet meeschtens deen éischten Dag all Client e Kaktus geschenkt kritt, wouduerch déi Planzen zu Lëtzebuerg an den 1970-90er Joren eng grouss Popularitéit kritt hunn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Dirk Sumkötter (Text) a Serge Waldbillig (Fotoen), 2008. Cactus. In: Made in Luxembourg, S. 46-49, Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-747-1

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]