Caelum (Stärebild)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
|
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Gruefstéchel |
| Laténgeschen Numm | Caelum |
| Laténgesche Genitiv | Caeli |
| Laténgesch Ofkierzung | Cae |
| Positioun | um Himmelsequator |
| Rektaszensioun | 4h 19m bis 5h 05m |
| Deklinatioun | -27° 00´ bis -48° 45´ |
| Fläch | 125 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 41° Nord bis 90° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
| Zuel vu Stären mat Gréisst < 3m |
0 |
| Hellste Stär, Gréisst |
α Caeli, 4,5m |
| Meteorstréim | - |
| Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Lepus (Hues) Eridanus |
D’Stärebild Caelum läit um Südhimmel an ass op eise Breedegraden net ze gesinn .
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Beschreiwung
De Caelum ass en onopfällegt Stärebild südlech vum Hues an ëstlech vum groussen Eridanus. Véier Stäre maachen eng gekrëmmte Linn. Nëmmen zwéi Stäre si méi hell wéi déi 5. Gréissteklass.
[änneren] Geschicht
De franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille huet am 18. Joerhonnert e puer Regiounen um Südhimmel Nimm ginn, déi bis dohin nach kee Numm haten. Am Géigesaz zu de klassesche Stärebiller, déi no mythologesche Gestalte genannt sinn, huet de Lacaille senge Konstellatioune meeschtens Nimm vun techneschem Material ginn. Ufanks huet d’Stärebild Caela Sculptoris (Aarbechtsgeschir vum Sculpteur) geheescht, de Gruefstéchel stellt domat e Gravéiermaterial duer, dat fréier fir d'Hirstellung vu Koffer- oder Stolstéch gebraucht gouf.
[änneren] Himmelsobjeten
[änneren] Stären
| B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| α | 4,45m | 72 | F2 V | ||
| γ | 4,55m | 186 | K2 III | ||
| β | 5,05m | 91 | F8 V | ||
| δ | 5,07m | 700 | B3 V | ||
| ν | 6,06m | ||||
| λ | 6,24m | ||||
| ζ | 6,35m |
[änneren] Duebelstären
| System | Gréissten | Ofstand |
|---|---|---|
| α | 4,45m/13m | 6,6” |
| γ | 4,55m/8,5m | 2,9“ |
Den hellste Stär, α Caeli, ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 72 Liichtjoer. Op engem Ofstand vun 6,6 Bousekonne vum 4,45m hellen Haaptstär ass e liichtschwaache Begleeder mat der 13. Gràissteklass.
Den γ Caeli läit 186 Liichtjoer vun eis ewech, an ass och en Duebelstäresystem.