California Institute of Technology
De California Institute of Technology (Technesch Héichschoul Kalifornien), besser bekannt als Caltech, ass zu Pasadena am Los Angeles County an ass op Natur- an Ingenieurswëssenschafte spezialiséiert.
1891 gouf e mat nëmmen 31 Studente gegrënnt, haut sinn et der ongeféier 2000.
D'Héichschoul ass Member vun der Association of American Universities, engem zënter 1900 bestoende Verband vu féierende fuerschungsintensiven nordamerikaneschen Universitéiten.
Den Jet Propulsion Laboratory vun der NASA, deen de Betrib vu Weltraumsonden iwwerwaacht, ass en Deel vun der Universitéit. Den Institut ass un d'Fuerschungsnetzwierk BIRN ugeschloss. De Jean-Lou Chameau ass zur Zäit President vun der Universitéit.
Mat 310 Professeren an 2171 Studenten (2004-2005) ass dës wëssenschaftlech héichproduktiv Universitéit extrem kleng, trotzdeem gehéiert si zu den zéng beschten Universitéite vun der Welt. An der Geschicht vun der Universitéit gouf et 31 Nobelpräisser, dovun 13 an der Physik, 9 an der Physiologie oder Medizin, 6 an der Chimie, 2 an der Economie an ee Friddensnobelpräis.
Inhaltsverzeechnes |
Berühmt Perséinlechkeeten [änneren]
Nobelpräisdréier vum California Institute of Technology:
- Robert Andrews Millikan - Physik 1923
- Thomas Hunt Morgan - Medizin 1933
- Carl David Anderson - Physik 1936
- Edwin Mattison McMillan - Chimie 1951
- Linus Carl Pauling - Chimie 1954, Fridden 1962
- William Bradford Shockley - Physik 1956
- George Wells Beadle - Medizin 1958
- Donald Arthur Glaser - Physik 1960
- Rudolf Mößbauer - Physik [[1961]
- Charles Hard Townes - Physik 1964
- Richard Phillips Feynman - Physik 1965
- Murray Gell-Mann - Physik 1969
- Max Delbrück - Medizin 1969
- Leo James Rainwater - Physik 1975
- David Baltimore - Medizin 1975
- Renato Dulbecco - Medizin 1975
- Howard Martin Temin - Medizin 1975
- William Lipscomb - Chimie 1976
- Robert Woodrow Wilson - Physik 1978
- Roger Sperry - Medizin 1981
- Kenneth Geddes Wilson - Physik 1982
- William Alfred Fowler - Physik 1983
- Rudolph A. Marcus - Chimie 1992
- Edward B. Lewis - Medizin 1995
- Douglas Osheroff - Physik 1996
- Robert C. Merton - Economie 1997
- Ahmed H. Zewail - Chimie 1999
- Leland H. Hartwell - Medizin 2001
- Vernon Lomax Smith - Economie 2002
- H. David Politzer - Physik 2004
- Robert H. Grubbs - Chemie 2005
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: California Institute of Technology – Biller, Videoen oder Audiodateien |