Call Her Madam
Informatiounen zum Film
Plakat feelt nach
| Filmdaten | ||
|---|---|---|
| Originaltitel: | Call Her Madam | |
| Produktiounsland: | Lëtzebuerg | |
| Produktiounsjoer: | 1997 | |
| Dauer: | 52 Minutten | |
| Originalsprooch: | Englesch Franséisch a Lëtzebuergesch |
|
| Equipe | ||
| Regie: | Paul Lesch | |
| Dréibuch: | ||
| Kamera: | Virginie Saint Martin Jean Louis Sonzogni Carlo Thiel |
|
| Musek: | ||
| Produzent: | Claude Waringo | |
| Haaptacteuren | ||
| Filmportal - Film no Joren - Film no Länner | ||
Call Her Madam ass een Documentaire iwwer déi amerikanesch Diplomatin Perle Mesta, déi éischt héich US-Diplomatin mat Sëtz zu Lëtzebuerg. Si war Ministre plénipotentiaire vun 1949 bis 1953 a gouf vum Harry Truman nominéiert.
An den USA war si an éischter Linn bekannt als Hostess with the mostes, dat heescht als Organisatrice vu Partien a Receptiounen. Déi déck Déiere vun der demokratescher Partei ware regelméisseg Gäscht bei hir. Hir finanziell Ënnerstëtzung fir den Harry Truman bei de Wale vun 1948 huet dozou gefouert, datt deen hir als Merci de Posten zu Lëtzebuerg offréiert huet. Den amerikanesche Komponist Irving Berlin huet 1950 d'Musek fir ee Musical iwwer d'Perle Mesta zu Lëtzebuerg geschriwwen: Call Me Madam. Aus dem 'Grand Duchy of Luxembourg' gouf awer de 'Grand Duchy of Lichtenbourg', fir all diplomateschen Incident z'éviteieren. 1953 ass de Broadway-Musical vun Hollywood verfilmt ginn, mat an den Haaptrollen d'Ethel Merman, den Donald O'Connor an den George Sanders. De Realisateur war de Walter Lang .
Den Documentaire beschreift der Perle Mesta hire Passage zu Lëtzebuerg, wou si duerch hiren e bësche speziellen diplomatesche Stil (e. a. Organisatioun vun de Buergermeeschter-Partien) vill vun sech schwätze gedoen huet. Benotzt goufe Newsreels vu fréier, al Fotoen an Interviewe mat Lëtzebuerger (ë. a. dem Pierre Werner) an amerikaneschen Zäitzeien (ë. a. den John E. Dolibois an d'Anna Crouse).
Inhaltsverzeechnes |
Literatur [änneren]
- Paul Lesch, Playing Her Part. Perle Mesta in Luxembourg, Luxembourg, Amcham, 2001.
Artikelen [änneren]
- Forum, no.175/Abrëll 1997, S. 62-64. (Rosch Krieps)
- Hémecht, no. 3/2000. (Martine Dennewald)
- Journal, 3.5.1997 an 21.5.1997. (Christian Spielmann)
- Le Jeudi, 8.5.1997. (Maggie Steffen)
- Luxemburger Wort, 9.5.1997 (Pol Even)
- Luxembourg News, 2.4.1998 (Dunc E. Roberts)
- d'Lëtzeburger Land, 17.4.1998 (Josée Hansen)