Callirrhoe (Mound)

Vu Wikipedia
Jupitermound
XVII Callirrhoe
Den Callirrhoe (S/1999 J1) a seng Ëmgéigend
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/1999 J 1
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 24.102.000 km
Periapsis 17.281.000 km
Apoapsis 30.923.000 km
Exzentrizitéit 0,283
Ëmlafzäit 758,8 Deeg
Ëmlafvitess 2,29 km/s
Inklinatioun 147,1°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 7 km
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 20,8
Entdeckung
Entdecker Spacewatch
Entdeckungsdatum 6. Oktober 1999


De Callirrhoe (oder Jupiter XVII) ass ee vun de baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Callirrhoe gouf de 6. Oktober 1999 vun den Astronomen Timothy B. Spahr, Jim V. Scotti, Robert S. McMillan, Jeff A. Larsen, Joe Montani, Arianna E. Gleason an Tom Gehrels am Kader vum Spacewatch-Programm entdeckt. Am Ufank hate si geduecht den Himmelskierper wier en Asteroid (1999 UX18). Den Timothy B. Spahr huet den 18. Juli 2000 festgestallt, datt et sech ëm e weidere Mound vum Jupiter handelt, deen dunn déi provisoresch Bezeechnung S/1999 J 1 krut.

De Mound gouf no der Kallirhoe, der Mamm vum Ganymed aus der griichescher Mythologie, genannt.

Bunndaten[änneren | Quelltext änneren]

De Mound Callirrhoe kreest ëm de Jupiter a ronn 759 Deeg op enger mëttlerer Distanz vu 24.102.000 km. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,283. Mat enger Schréi vun 147,1° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter.

De Callirrhoe gëtt wéinst senge Bunneegenschaften zur Pasiphae-Grupp gerechent.

Physikalesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

De Callirrhoe huet e mëttleren Duerchmiesser vun zirka 7 km. Seng Dicht gëtt graff op 2,6 g/cm³ geschat, well de Mound haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut ass. De Callirrhoe huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04. Seng visuell Magnitude ass 20,8m.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]