Cameron Carpenter

Vu Wikipedia
Cameron Carpenter
Gebuer 18. Abrëll 1981
Pennsylvania
Nationalitéit USA
Educatioun Juilliard School
Aktivitéit Museker, Komponist


De Cameron Carpenter, gebuer den 18. Abrëll 1981 am Bundesstaat Pennsylvania, ass en US-amerikaneschen Organist a Komponist, dee fir seng Virtuositéit, seng geschéckt Optrëtter, seng Technik a seng Arrangementer fir d'Uergel bekannt ass.

De Cameron Carpenter huet seng Karriär

als „Wonnerkand“ ugefaangen. Schonn am Alter vun eelef Joer huet hie mat enger vollstänneger Opféierung vum Johann Sebastian Bach sengem „Wohltemperiertes Klavier“ op sech opmierksam gemaach. Säin europäeschen Debut hat hien zwee Joer méi spéit. De Carpenter huet op der Juilliard School zu New York beim Gerre Hancock, dem John Weaver an dem Paul Jacobs studéiert (master degree). Hie war fir eng kuerz Zäit artist-in-residence an der Middle Collegiate Church zu New York an huet reegelméisseg an deene groussen amerikaneschen an europäesche Musekszentre Concerte gespillt. Säin Album Revolutionary gouf fir de Grammy 2009 nominéiert.

Dem Cameron Carpenter seng Siicht vun der Uergel ass säkular: se ëmfaasst net nëmmen de klasseschen Uergelrepertoire, mä och Beaarbechtunge vu Pianos- an Orchestermusek. Sou huet hien zum Beispill déi ganz 5. Sinfonie vum Gustav Mahler fir d'Uergel arrangéiert. Seng Uergelversioun vun der Etüd Op. 10, No. 12 (Chopin) hunn d'Grenze vun der traditioneller Spillweis a Fro gestallt. Déi chromatesch Leef an der „Revolutiounsetüd“ (Op. 10 Nr. 12) an d'„Etüd op de schwaarzen Tasten“ (Op. 10 Nr. 5) beispillsweis spillt hie just um Pedall.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cameron Carpenter – Biller, Videoen oder Audiodateien