Camille Dimmer

Vu Wikipedia
Camille Dimmer
Ekipp déi den 30. Oktober 1963 zu Rotterdam géint Holland 2-1 gewonnen huet.
Uewe v.l.n.r. J. Fiedler, B. Konter, E.Brenner, J.Hoffstetter, F. Brosius, N.Schmitt
Ënne v.l.n.r. B.Klein, J. Klein, C. Dimmer, A. Schmit, L.Pilot
Gebuer 20. Abrëll 1939
Klierf
Gestuerwen 20. September 2023
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Ingenieur, Politiker
Veräin/Ekipp Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
Red Boys Déifferdeng
Partei CSV

De Camille Dimmer, gebuer den 20. Abrëll 1939 zu Klierf, a gestuerwen den 20. September 2023[1], war e lëtzebuergeschen Ingenieur, Foussballspiller, Politiker (CSV) an Naturschützer.

Hie war Grënnungsmember vu Pro Familia a vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur, där hire President hie vun 1982 bis 1997 war.

De Sportler[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet den 29. September 1957 säin éischte Match fir d'Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp géint Éisträich gespillt.

1963 huet hien zu Rotterdam am Match Holland - Lëtzebuerg, deen 1-2 ausgaange war, 2 Goler geschoss. an doduerch Lëtzebuerg an d'Véierelsfinall vun der Europameeschterschaft bruecht.

Tëscht dem 29. September 1957 an dem 29. Januar 1967 huet hien an 19 Matcher 8 Goler fir d'Foussballnationalekipp geschoss.[2]

Hie war vun 1973 bis 1982 President, an duerno Éierepresident vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun.

Veräiner[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

An der Saison 1959-1960 war hie Reservespiller beim R.S.C. Anderlecht.

Vun 1960 bis 1966 huet hie fir den R.F.C. Crossing Molenbeek gespillt.[3]

De Politiker[änneren | Quelltext änneren]

No senger Karriär als Sportler ass de Camille Dimmer an d'Politik gaangen. Hie war vum 10. Oktober 1984 bis den 18. Juli 1994 CSV-Deputéierten an der Chamber. Vun 1990 bis 1995 war hie Generalsekretär vun der CSV. Hie war och jorelaang Member vum Diddelenger Gemengerot.

Virgänger Generalsekretär vun der CSV Nofollger
Willy Bourg 1990 - 1995 Claude Wiseler

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 23. September 2023
  2. Lëscht vun de Lännermatcher vum Camille Dimmer op eu-football.info
  3. Portrait vum Camille Dimmer op der Websäit www.profootball.lu