Camille Kerger

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Camille Kerger

De Camille Kerger, gebuer den 9. Februar 1957 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Komponist, Posaunist, Sänger (Tenor) an Dirigent.

Inhaltsverzeechnes

Formatioun [änneren]

  • De Camille Kerger huet Posaun, Gesank a Kompositioun op de Conservatoirë vu Lëtzebuerg a Metz studéiert.
  • Duerno war hien op de Musekhéichschoule vu Mannheim an Düsseldorf an Däitschland an huet do de Concertsexamen am Fach Gesank ofgeluecht.

Carrière [änneren]

  • Hie war als Posaunist Member vu verschidden Orchestren.
  • Als lyrischen Tenor (Solist) huet hien a villen Operen, Oratorien a Concerten zu Lëtzebuerg an am Ausland matgewierkt.
  • Vun 1981 bis 1993 war hie Comitésmember vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir nei Musek (LGNM).
  • An de Joren 1986 bis 1990 huet hien den Ensemble fir nei Musek Sigma geleet, een Ensemble mat deem hie vill Concerten zu Lëtzebuerg, an Däitschland, Frankräich, an der Belsch souwéi an Holland ginn huet.
  • Am Juni 2000 krut säi Wierk « Altars of Light » fir Chouer & Orchester beim Concours « L’An 1000 – l’année 2000 » zu Paräis den éischte Präis a gouf am November 2000 zu Metz, Saarbrécken, Verdun, Thaon-les-Vosges a Lëtzebuerg opgeféiert.
  • Seng Kompositioune si vu ville lëtzebuergeschen an auslänneschen Ensemble gespillt ginn.
  • Als musekaleschen Direkter vum Théâtre national du Luxembourg, vun deem en och Grënnungsmember ass, ass hie fir d'Abteilung Musektheater zoustänneg.
  • Hien ass Direkter vum Institut européen de chant choral Luxembourg.

Seng Kompositiounen am Eenzelen [änneren]

De Camille Kerger huet Wierker fir verschidde Besetzunge geschriwwen, dorënner 13 Kompositioune fir Orchester, dräi Kammeroperen, puer Theaterstécker mat Musek a Kanneroperen (kuckt d'Eenzelheeten).

Operen a Bühnemusek [änneren]

  • D'Oper "Il Signor Drago", (1995) huet hien am Opdrag vum "Théâtre du Millénaire, Luxembourg" komponéiert; si gouf 1997 am Théâtre du Capitole zu Toulouse nei inszenéiert.
  • MELUSINA: Kammeroper fir 5 Solisten an Kammerensemble mat 16 Museker (1995)
  • BOTZ: Musek zu engem Theaterstéck vum Guy Rewenig (1997)
  • TSCHIRKOLORADO : E Schoulprojet fir Kanner no engem Libretto vumn Guy Rewenig (Am Opdrag vum «Institut Européen de Chant Choral ») (1997)
  • D'Oper "RINDERWAHN", ass 1998 am Opdrag vum Théâtre National du Luxembourg an dem Nationaltheater Mannheim komponéiert ginn a gouf am Mee 1999 mat groussem Erfolleg zu Mannheim fir d'éischt opgeféiert.
  • SCHMETTERLINGSSCHATTEN , Bühnemusek zu engem Theaterstéck vum Michel Grevis (2001)
  • BIG FAR NIENTE: Kanneroper no engem Libretto vum Jemp Schuster (2002-2003)
  • Flintenzauber: Eng grouss Oper fir 9 Solisten, Chouer a symphoneschen Orchester (2004-2006)
  • WENN DIE NACHT HEREINBRICHT: En szenesche Concert fir de Festival International de Musique, ( Iechternach 2001)
  • EIN MOND AUS KOCHENDER MILCH: Eng Kammeroper (2001)

Aner Kompositiounen [änneren]

  • Orchesterwierker
    • POLARITE fir Harmonie-Orchester (1983)
    • HARMATTAN fir Symphonie-Orchester (1984)
    • TRAUMGESANG fir Laien-Symphonie-Orchester (1985)
    • SAMUM fir Symphonie-Orchester (1986)
    • ELEVATION, 4 Orchesterlidder no Gedichter vum Charles Baudelaire
    • WINGS OF LIGHT fir Symphonie-Orchester (1993)
    • PILGRIM OF HEAVENS HOMELESS WAY fir Sträichorchester (1994)
    • TRAUMBLENDE fir groussen Orchester (fir d'Aweihong vum Sall Philharmonique, zu Luëtzebuerg (2004).
    • a vill anerer
  • Aner Wierker
    • De Camille Kerger huet och Chouerwierker, Lidder an aner Wierker komponéiert

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]