Camille Lamboray
Camille Lamboray | |
---|---|
Gebuer | 7. Juni 1915 |
Gestuerwen | 26. Januar 2002 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
De Camille Lamboray, gebuer de 7. Juni 1915 zu Donkels a gestuerwen de 26. Januar 2002 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist an Auteur.[1]
Hien huet bis hie 6 Joer hat zu Donkels gewunnt wou säi Papp Jean-Pierre Lamboray als Douanier geschafft huet. Hien huet no der Primärschoul am Stater Kolléisch 1934 seng Première gemaach. Duerno huet hien zu Bréissel, Paräis, Aix-en-Provence a Montpellier Droit studéiert a mat engem Doktorat ofgeschloss.[2]
Vun 1933 bis 1935 war hie Coediteur vun der Studentenzeitung 'Studenten'[1] vun där 7 Nummeren[2] erauskoumen.
1935 war hien ee vun deenen déi d'Opriichte vun engem Gedenkstee fir de Johann Wolfgang von Goethe um Bockfiels initéiert hunn.[1][2]
1940 ass hie bei d'Spuerkeess schaffe gaangen, wou hie vun 1970 bis zu senger Pensioun 1980 Directeur adjoint war.[2]
An den 1990er Joren huet hie Wierker vum Sophokles an Euripides op lëtzebuergesch iwwersat.[1]
Gielercher[2][änneren | Quelltext änneren]
- Comandeur vum Ordre de la couronne de chêne
- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 Portrait vum Camille Lamboray am Luxemburger Autorenlexikon
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 Portrait vum Camille Lamboray op der Websäit winseler.lu Archivéiert op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2013-12-23.