Camille Wampach

Vu Wikipedia
Camille Wampach
Gebuer 18. August 1884
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 7. August 1958
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Regionalhistoriker, Archivist, Universitéitsprofesser, Paschtouer

De Camille Wampach, gebuer den 28. August 1884 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 7. August 1958, war e lëtzebuergeschen Historiker.

No senger Première an der Stad goung de Camille Wampach an de Seminaire a gouf 1908 zum Geeschtleche geweit. Hie koum als Prefekt an den Iechternacher Kolléisch. Mä do huet et en net laang gehalen, e goung op Berlin op d'Universitéit studéieren. 1921 war hien erëm zeréck am Land als Paschtouer zu Hamm.

1933 gouf hien Dozent fir westlech Geschicht op der Universitéit zu Bonn an 1935 gouf hien do Honorarprofesser. 1941 huet hien de Görres-Präis refuséiert a gouf dofir 1942 entlooss. Hien huet sech op Iechternach zeréckgezunn, wou en d'Archiver studéiert huet. 1946 gouf hien nees zu Bonn Professer.

Nom Zweete Weltkrich huet hie virun u sengem Liewenswierk geschafft, dem "Urkunden- und Quellenbuch zur Geschichte der altluxemburgischen Territorien bis zur burgundischen Zeit", deem säin éischte Band 1935 erauskoum war. 1951 koum den 8. Band eraus, dee ganz iwwer Iechternach ass. Mat Iechternach huet hie sech besonnesch verbonne gefillt: schonn 1915 huet hien iwwer d'Grondherrschaft vum Klouschter Iechternach geschriwwen an 1930 e Quellebuch iwwer d'Iechternacher Geschicht publizéiert. 1953 koum e Buch vun him iwwer de Willibrord eraus.

1954 gouf hie vun der Universitéit Bonn fir seng Quellefuerschung vun europäesche Gebidder déi och an der däitscher Geschicht eng Roll spillen, geéiert a krut de Verdienstorden der Bundesrepublik Deutschland.

Aner Publikatioune vum Camille Wampach sinn ë. a. iwwer d'Kierch vun Hamm, de Vertrag vun Dinant an de Péiter vun Uespelt.

De Camille Wampach ass am Alter vun 73 Joer gestuerwen.

Eng Strooss zu Bouneweg gouf no him genannt.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kauthen, P., 1981. Camille Wampach (1884-1958). L'historien aux sources d'Echternach. In: P. Schritz & A. Hoffmann: Abteistadt Echternach. Echternach, cité abbatiale. Luxembourg, Impr. St-Paul, S. 79-86.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1956 Memorial A N° 10 vun 1956 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-01-06.
  2. BULLETIN D'INFORMATION vum Service «Information et Presse», N°1/2 (7e année) Luxembourg, le 28 février 1951