Camp Ritchie

Vu Wikipedia

Camp Ritchie, genannt nom Albert C. Ritchie, engem Gouverneur vum US-Bundesstaat Maryland, war e Militärlager.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Géint 1890 gouf d'Géigend an der Catoctin-Biergketten tëscht Maryland a Pennsylvania als Erhuelungszentrum ausgebaut. Zwéi kënschtlech Séien, den ieweschten an den ënneschten Royer-Séi hu matgehollef, gutt situéiert Leit vu Philadelphia, Baltimore a Washington D.C. unzelackelen.

1926 krut d'Nationalgarde vu Maryland an där Géigend en Trainingslager opgeriicht wéinst "altitude, picturesque surrounding topography, and accessibility by both road and railroad." D'Lager gouf Camp Albert C. Ritchie genannt, zu Éiere vum Gouverneur vu Maryland. Am Juli 1927 huet déi fënneft Infanterie-Grupp vun der Nationalgarde mam Drill ugefaangen.

Am Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich huet d'US-Arméi de Camp vum Staat gelount fir een US-Dollar d'Joer. Vun do u war et den zentralen Trainingcamp fir de militäresche Geheimdéngscht, an den Numm gouf ofgekierzt op "Camp Ritchie". Tëscht 1942 an 1945 si fënnef Milliounen US-Dollar investéiert ginn an et gouf eng Infrastruktur fir 5.000 Leit gebaut.

Hei gouf ënner anerem d'Geheim-Unitéit vun de Ritchie Boys ausgebilt. Dat ware jonk Däitscher, déi den Alliéierte mat hire Kenntnesser iwwer Däitschland hëllefe wollten, géint Nazi-Däitschland ze kämpfen.

Nom Krich[änneren | Quelltext änneren]

Nom Krich huet d'Arméi den Terrain zeréckginn, an e gouf als Sanatorium benotzt. 1948 huet d'Arméi dat Ganzt nees gelount fir e Communications Center fir Militärspionage opzebauen. Am Oktober 1998 krut d'Zivilverwaltung den Terrain definitiv zeréck.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]