Campo Imperatore Near-Earth Object Survey
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Campo Imperatore Near-Earth Object Survey (CINEOS) ass e Projet, dat no äerdno Objeten (NEO) sicht.
D'Sich gëtt mat engem Schmidt-Teleskop an der Statioun Campo Imperatore vum Réimer Observatoire duerchgefouert, dat eng Optik Apertur vu 60 cm huet. D'Statioun steet um Héichplateau Campo Imperatore, no beim Corno Grande, der Spëtzt vum Biergmassiv Gran Sasso an Italien.
Bis elo goufen duerch de Projet 185 Asteroiden entdeckt.
Literatur [änneren]
- Andrea Boattini et al.: The Campo Imperatore Near Earth Object Survey (CINEOS). In: Earth, Moon, and Planets, Bd. 100, Nr. 3–4, 2007, S. 259–271