Campus Geesseknäppchen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Campus Geesseknäppchen ass e Schoulcampus an der Stad Lëtzebuerg, op deem sechs Schoule stinn.
De Campus Geesseknäppchen huet säin Numm vum Lieu-dit Geesseknäppchen zu Hollerech. E läit riets nieft der Escher Autobunn, wann een aus der Stad erausfiert.
Um Campus Geesseknäppchen sti folgend Schoulen:
- Athénée de Luxembourg
- International School of Luxembourg
- Lycée Aline Mayrisch
- Lycée Michel Rodange
- Lycée technique école de commerce et de gestion
- Conservatoire de musique de la ville de Luxembourg
Zum Campus gehéieren och zwéi synthetesch Foussballterrainen, eng Schwammhal, fënnef Turnhalen an eng Lafbunn.