Canberra
|
||||
|---|---|---|---|---|
| Stadwope vu Canberra | ||||
| Land : | ||||
| Bundesstaat : | ||||
| Fläch : | 805,6 km² | |||
| Awunner : | 340.800 Aw. (2007) | |||
| Bevëlkerungsdicht : | 423 Aw. / km² | |||
| Buergermeeschter : | Jon Stanhope (2009) [1] | |||
| Koordinaten : | 35° 18' 00" S 149° 07' 00" O |
|||
| Lag vu Canberra an Australien | ||||
| Stied - Bundesstaaten - Groussstied | ||||
Canberra ass d'Haaptstad vun Australien, an huet knapps 350.000 Awunner. Si ass, wéinst Rivalitéiten tëschent Sydney a Melbourne ëm 1908 als Haaptstad gewielt ginn, an d'Bauaarbechten hunn den 20. Februar 1913 ugefaangen. [2] D'Stad, déi fir sou wéineg Awunner eng iwwerduerchschnëttlech grouss Fläch huet (se ass 15 mol méi grouss wéi d'Stad Lëtzebuerg), ass a 7 verschidde Bezierker opgedeelt. Déi si lues a lues am Laf vum 20. Joerhonnert besidelt ginn, a bestinn hirersäits rëm aus verschiddene Quartieren:
- North Canberra, 14 Quartieren
- South Canberra, 13 Quartieren
- Woden Valley, 12 Quartieren
- Belconnen, 25 Quartieren
- Weston Creek, 8 Quartieren
- Tuggeranong, 19 Quartieren
- Gungahlin, 12 Quartieren
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geographesch Positioun
D'Stad läit am Australian Capital Territory (ACT). Si ass 150 km vun der australescher Ostküst ewech, 286 km südwestlech vu Sydney a 669 km nordëstlech vu Melbourne.
|
|
|
[änneren] Klima
Canberra huet en temperéiert Klima, mat véier verschiddene Joreszäiten.[3] Am Duerchschnëtt ass et allerdéngs méi waarm wéi a Mëtteleuropa. Am Summer, virun allem am Januar, kann et duerchaus och mol gutt an déi 30 °C ginn. De fiichteste Mount ass am Fréijoer den Oktober mat 65,3 mm Nidderschlag, an den dréchenste Mount ass am Hierscht/Wanter de Juni, mat 39,6 mm. Schnéifall op der anerer Säit ass e raart Evenement, an ass bis lo eréischt 2 mol observéiert ginn, obwuel et regelméisseg fréiert.
[änneren] Um Spaweck
Apia - Canberra - Funafuti - Honiara - Majuro - Melekeok - Nuku'alofa - Palikir - Port Moresby - Port Vila - South Tarawa - Suva - Wellington - Yaren
[änneren] Referenzen
| Commons: Canberra – Biller, Videoen oder Audiodateien |