Canberra Deep Space Communication Complex

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
70-Meter-Parabolantenn vum CDSCC
Detailusiicht vun der 70-Meter-Parabolantenn

De Canberra Deep Space Communication Complex (CDSCC) ass eng mat Parabolantenne gebaute Antennenstatioun an Australien. Si steet südwestlech vun der Haaptstad Canberra, am Dall vum Murrumbidgee River um Rand vum Tidbinbilla-Naturreservat. D'CDSCC-Statioun ass en Deel vum weltëmspanenden Deep Space Network. D'offiziell Ouverture war den 19. Mäerz 1965 duerch den deemolegen australesche Premierminister Robert Menzies. D'Betribsféierung hat zënter Mäerz 2003 Raytheon Australia, am Optrag vum CSIRO an der NASA.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

Mëtt vun den 1960er Joer hat d'NASA am Australian Capital Territory dräi Buedemstatioune gebaut:

  • D'Tidbinbilla Tracking Station (déi haiteg CDSCC) gouf 1965 opgemaach an ass déi eenzeg Buedemstatioun vun der NASA op australeschem Buedem, déi haut nach a Betrib ass. Während dem Apollo-Programm gouf vun hei aus d'Moundlandefähr iwwerwaacht.
  • D'Orroral Valley Tracking Station am haitegen Namadgi-Nationalpark gouf och 1965 opgemaach. Hir Aufgab war et, Satelliten an der Äerdëmlafbunn an d'Apollo-Sojus-Projet ze ënnerstëtzen. 1985 gouf d'Statioun zougemaach.
  • D'Honeysuckle Creek Tracking Station (Ouverture 1967) gouf zu deem Zweck gebaut, fir d'Apollo-Missioune ze ënnerstëtzen, haaptsächlech d'Kommunikatioun mat dem Kommandomodul vun den Apollo-Raumschëffer. No Fäerdegstellung vum Apollo-Programm hat d'Statioun d'Skylab-Programm, duerno d'Viking- an Voyager-Raumsonden ënnerstëtzt. 1981 gouf d'Statioun zougemaach. D'Parabolantenn mat engem Duerchmiesser vun 26 Meter gouf ofgebaut a beim CDSCC nees opgebaut.

Emfangsstatiounen [änneren]

A Betrib sinn am Moment véier Antennen (Stand: Oktober 2005). Bei besonnesch groussem Arbechtsufall gräift d'CDSCC op d'Parkes-Observatoire an New South Wales zréck, fir Daten vun de Raumsonden ze emfänken.

  • DSS-34 ass eng 1997 gebaute Parabolantenn mat engem Duerchmiesser vu 34 Meter, déi eng ënnerierdeschen Welleleeder gebraucht
  • DSS-43 hat bei hirer Opriichtung 1976 ufanks en Duerchmiesser vu 64 Meter. 1987 gouf si, an Erwardung vum Voyager 2-Laanschtfluch beim Neptun op 70 Meter vergréissert. Si ass déi gréisste steierbar Parabolantenn op der südlecher Hemisphär.
  • DSS-45 ass eng 1986 opgeriichten Parabolantenn mat engem Duerchmiesser vu 34 Meter
  • DSS-46 ass déi fréier Parabolantenn vun der Honeysuckle Creek Tracking Station, déi è1981 hei nees opgebaut gouf
  • DSS-49 ass d'Bezeechnung fir d'Parabolantenn vum Parkes-Observatoire

De Kollimater-Tuerm vun der Statioun steet ronn dräi Kilometer an nordwestlecher Richtung op dem Black Hill.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Canberra Deep Space Communication Complex – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie