Canes-Venatici-I-Grupp

Vu Wikipedia
D'Lag vun der Canes-Venatici-I-Grupp an der Noperschaft vun der Lokaler Grupp

D'Canes-Venatici-I-Grupp, kuerz CVn I, och M94-Grupp, ass eng Galaxiëgrupp, déi mat enger Distanz vu ronn 13 Mio. Liichtjoer zu den Usammlunge vu Galaxië baussenzeg vun der Lokaler Grupp zielt, déi am nooste bei ons sinn.

D'Grupp läit um Himmel an de Stärebiller Canes Venatici, an Coma Berenices. Den hellste Member, dee sécher zu där Grupp zielt, ass déi 9,0mag hell Spiralgalaxis M 94. D'Memberschaft vum grad sou hellen M 106, ass awer wéinst enger däitlech méi grousser Distanz, ëmstridden.

Ënnersich vun der Gruppendynamik weisen drophin, datt d'Gruppememberen duerch d'Gravitatioun nëmme schwaach unenee gebonne sinn. Dëst léisst sech aus der Tatsaach follgeren, datt d'Radialvitesse vun den eenzele Gruppememberen dee fir déi jeeweileg Distanz duerch d'Expansioun vum Universum z'erwardenden entsprécht. Och de Manktem vu spheroidalen Zwerggalaxien an dëser Grupp deit op déi schwaach Vebindung vun hire Memberen hin.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

An der Tabell hei drënner stinn déi eendeiteg identifizéiert Membere vun der Grupp nom Nearby Galaxies Catalog, dem Lyons Groups of Galaxies Catalog (LGG), an de Lëschten, déi aus dem Nearby Optical Galaxy sample vum Giuricin et al. opgestallt goufen.

Membere vun der Canes-Venatici-I-Grupp
Numm Typ Rektaszensioun α Deklinatioun δ vr (km/s) mV
IC 3687 IAB(s)m 12h 42m 15,1s +38° 30′ 12 354 ± 1 13,7
IC 4182 SA(s)m 13h 05m 49,5s +37° 36′ 18 321 ± 1 13,0
M 94 (R)SA(r)ab 12h 50m 53,0s +41° 07′ 14 308 ± 1 9,0
NGC 4144 SAB(s)cd 12h 09m 58,6s +46° 27′ 26 265 ± 1 12,1
NGC 4190 Im pec 12h 13m 44,8s +36° 38′ 03 228 ± 1 13,4
NGC 4214 IAB(s)m 12h 15m 39,2s +36° 19′ 37 291 ± 3 10,2
NGC 4244 SA(s)cd 12h 17m 29,6s +37° 48′ 26 244 ± 0 10,9
NGC 4395 SA(s)m 12h 25m 48,9s +33° 32′ 48 319 ± 1 10,6
NGC 4449 IBm 12h 28m 11,9s +44° 05′ 40 207 ± 4 10,0
UGC 6817 Im 11h 50m 53,0s +38° 52′ 49 242 ± 1 13,4
UGC 7559 IBm 12h 27m 05.2s +37° 08′ 33 218 ±, 14,2
UGC 7577 Im 12h 27m 40,9s +43° 29′ 44 195 ± 0 12,8
UGC 7698 Im 12h 32m 54,4s +31° 32′ 28 331 ± 1 13,0
UGC 8320 IBm 13h 14m 27,9s +45° 55′ 09 192 ± 1 12,7

Zousätzlech ginn deels och nach NGC 4105 an UGC 8331 als Gruppemembere gezielt. Wéi uewe schonn ernimmt ass d'Gruppememberschaft vum M 106 net sécher.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie