Canis-Major-Zwerggalaxis

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Canis-Major-Zwerggalaxis
Positioun vun der Canis-Major-Zwerggalaxis (schwaarz Ellips) am Stärebild Canis Major
Stärebild Canis Major (CMa)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 07h 12m 35s
Deklinatioun - 27° 40' 00"[1]
Ausgesinn
Wénkelduerchmiesser 720 × 720[2]
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu   Lokal Grupp [2]
Distanz (Lj)  25000
Geschicht
Entdecker  En Astronomenteam aus
Frankräich, Italien, Groussbritannien an
Australien
Entdeckungsdatum  2003
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen

D'Canis-Major-Zwerggalaxis ass nom haitege Stand vun der Fuerschung déi nächst Nopeschgalaxis vun eiser Mëllechstrooss. Si ass op enger Distanz vun 42.000 Liichtjoer vum Mëllechstroossenzentrum ewech a läit op enger Distanz vu ronn 25.000 Liichtjoer zu eisem Sonnesystem. Si huet dofir nëmmen ongeféier 80 Prozent vum Ofstand zum Mëllechstroossenzentrum vun der Sagittarius-Zwerggalaxis, déi virun der Entdeckung vun der Canis-Major-Galaxis als nächsten Noper vun der Mëllechstrooss gegollt hat. Eist Sonnesystem läit deemno méi no bei der Canis-Major-Zwerggalaxis wéi beim Zentrum vun der Mëllechstrooss.

Astronomesche Kontext[änneren | Quelltext änneren]

D'Zuel vun den Eenzelstären an där Galaxis gëtt op eng Milliard geschat, an hire Kär huet eng elliptesch Form. D'Galaxis als Ganzt gëtt awer als irregulär Galaxis kategoriséiert.

D'Canis-Major-Galaxis ass am Stärebild Canis Major a läit praktesch direkt um galaktesche Plang. Wann een den Ofstand vun der Galaxis zum Mëllechstroossenzentrum mam Duerchmiesser vun der Mëllechstrooss vergläicht, da stellt ee fest, datt d'Galaxis praktesch an de baussenzegen Deeler vun der Mëllechstrooss läit. D'Gezäitekräften, déi d'Mëllechstrooss op déi Zwerggalaxis huet, sinn dofir extrem héich, an tatsächlech schéngt d'Canis-Major-Galaxis am Prozess vun der Opléisung ze sinn an ass schonn extrem deforméiert.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Duerch hir Lag um galaktesche Plang gouf d'Galaxis bis an d'Joer 2003 net entdeckt, zum engen, well d'interstellar Matière de Bléck op d'Galaxis blockéiert, zum aneren, well si nëmme schwéier vun der Mëllechstrooss selwer z'ënnerscheeden ass. Se gouf vun engem internationalen Team am Kader vum Two Micron All Sky Survey entdeckt, deen am Infraroutberäich duerchgefouert gouf, an deem déi interstellar Matière méi duerchsiichteg ass wéi am optesche Beräich.

Verbonne Phenomener[änneren | Quelltext änneren]

A Begleedung mat der Entdeckung vun der Canis-Major-Galaxis konnten och aner komesch Evenementer am Ëmfeld vum Stärebild Canis Major, déi deelweis schonn zënter laanger Zäit bekannt waren, mat där Galaxis an hiren Opléisungskennzeechen an Zesummenhank bruecht ginn.

  • Eng aussergewéinlech Heefung vu Kugelstärekéip an engem Beräich vum Himmel, an deem soss net esou vill Kéip sinn. Dorënner sinn déi zënter laangem bekannt Objete Messier 79, NGC 1851, NGC 2298 an NGC 2808, déi all wahrscheinlech en Deel vum fréiere Kugelstärekoupsystem vun der Zwerggalaxis waren.
  • Eng iwwergrouss Dicht vu Risestäre vum Spektraltyp M, déi och am Kader vum Two-Micron All Sky Survey entdeckt goufen. Dës iwwerschësseg Stäre schéngen aus der Zwerggalaxis ze stamen, déi vill rout Risestären huet.
  • E laangt Filament vu Stäre laanscht den Orbit vun der Zwerggalaxis, deen am Kader vum Sloan Digital Sky Survey am Joer 2001 entdeckt gouf, krut den Numm Monoceros-Rank a béit sech bis zu dräimol ëm d'Mëllechstrooss.
  • Etlech oppe Stärekéip, dorënner den Dol 25, den H 18 an den AM 2, déi eventuell duerch d'Gezäitewierkung vun der Zwerggalaxis op dat interstellaart Gas vun der Mëllechstrooss an dësem Gebitt entstane kéinte sinn.

Alternativ Deitung[änneren | Quelltext änneren]

An der astronomescher Fuerschung ass och vun der Canis Major Overdensity d'Ried, well et trotz staarken Hiweiser nach net als geséchert gëlle kann, ob déi observéiert Heefungen tatsächlech duerch eng eege Galaxis zoustane koumen, oder ob si der Mëllechstrooss selwer zouzeschreiwen sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]