Canon EOS 400D

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
De 400D mat enger Batteriekëscht an ausgeklapptem Blëtz
Den Apparat vun hannen

De Canon EOS 400D gehéiert zu de Canon EOS Digital-Fotoapparaten. Chronologesch ass et den Nofolleger vum Canon EOS 350D.

[änneren] Den Numm

De Modell heescht an Nordamerika Canon EOS Digital Rebel XTi an a Japan Canon EOS Kiss Digital X.

[änneren] De Verglach mam 350D

  • Den EOS 400D huet e 10,1-Megapixel-Sensor, an enger Gréisst vun 14,8 op 22,2 Millimeter mat 3888 x 2592 Pixelen.
  • Vun der Canon EOS 30D gouf en 9-Punkt Liichtmiessungssystem iwwerholl, den 350D hat der siwen.
  • En 2,5 Zoll Moniteur mat 250.000 Pixelen, den 350D hat zwéin Displayen, ee vun 1,8" mat 115.000 Pixelen an en anere fir d'Astellungen unzeweisen.
  • E Mechanissem fir beim Ofschalte Stëbs vum Sensor erofzerëselen, de sougenannten EOS Integrated Cleaning System.
  • En Histogramm fir RGB-Kanäl, deen et erlaabt, d'Faarwe virum Ophuele vun der Foto besser anzeriichten.
Perséinlech Tools