Canopus (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Canopus (α Carinae) ass den hellste Stär am Stärebild Carina (Schëffskiel). Hien ass nom Sirius deen zweethellste Stär um Nuetshimmel. Hie steet awer sou wäit südlëch, datt hie vu Mëtteleuropa aus netz e gesinn ass. Nëmmen vum südlechsten Deel vun Europa (Gibraltar, Malta a Kreta) aus kann hien observéiert ginn. Opgrond vu senger Stellung nom Südpol vun der Ekliptik déngt hie ville Raumflugkierper wéinst senger grousser Hellegkeet och als Leetstär. Genannt gouf de Canopus no engem Schëffsteiermann zu Déngschten vum mythesche Kinnek Menelaos. Aner Nimm sinn: Suhail, Suhel.
- Visuell Magnitude: -0,73m
- Absolut Hellegkeet: -5,6M
- Spektraltyp: F0
- Distanz: 310 Liichtjoer
Koordinaten (Equinoxe J2000.0)
- Rektaszensioun 6h23m57.10s
- Deklinatioun -52°41'45.0"
Kuckt och [änneren]
- ABC vun de Stären
- Gréisst Stären
- Noost Stären
- Hellst Stären
- Verännerlech Stären
- Hallefregelméisseg verännerlech Stären
- Konstellatioun
- Hyperris