Cantal (Kéis)

Vu Wikipedia
Cantal, AOC-Kéis aus der Auvergne

Cantal, och Fourme de Cantal genannt, ass eng vun den eelste franséische Kéiszorten aus réier Mëllech. De Kéis, kënnt Auvergne; e gëtt aus der Mëllech vun de Salers-Ranner gemaach an ass zanter 1956 duerch eng Appellation d'Origine Contrôlée geschützt.

Mam Cantal Famill sinn de Salers an de Laguiole.

Dat Besonnescht u senger Produktioun ass, datt de Cantal zweemol gepresst gëtt: Dee scho gepressten tome (d'Kéisscheif) gëtt zermuelt, da kënnt Salz dobäi (21 bis 24 g pro Kilo) an dat Ganzt gëtt a seng definitiv Form, a Scheiwe vu 36 bis 42 cm Duerchmiesser an enger Héicht vu 35 bis 40 cm, gepresst. Bis en zeideg ass, gëtt de Kéis zweemol d'Woch ofgeriwwen an ëmgedréint.

Wann e bis ee Mount al ass, gëtt en als jeune verkaf. Bis sechs Méint ale Kéis heescht entre deux; vieux ass en, wann e méi al wéi 6 Méint ass. En huet dann eng roudelzeg Faarf an ass sprack.

Joreszäiten[änneren | Quelltext änneren]

Salers-Rand

Besonnesch ass och, datt den Numm vum Kéis mat der Joreszäit geet: Kéis, deen tëscht dem 20. Mee an dem 30. September produzéiert gëtt, wann d'Kéi op der Weed sinn, gëtt Salers-Kéis genannt. "Cantal" heescht e baussent der Saison, wann d'Kéi ënnerdaach am Stall sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cantal (Kéis) – Biller, Videoen oder Audiodateien