Canyon-Diablo

Vu Wikipedia
De Canyon Diablo

De Meteorit Canyon Diablo gouf an der Ëmgéigend vum bekannte Barringer-Krater an Arizona fonnt.

D'Impaktevenement war viru ronn 50.000 Joer, wouduerch de Krater e relative jonke geologeschen Alter huet. De Krater huet en Duerchmiesser vun 1,186 Kilometer an ass 170 Meter déif. De Meteorit hat e geschaten Duerchmiesser vu 25 bis 30 Meter an ass mat enger Vitess vu 15 bis 20 km/s ageschloen. Vun der Meteorittemass si bis elo 30 Tonne fonnt ginn.

De Meteorit staamt aus der Haaptasteroidenceinture a gëtt als graffen Oktaedrit vun der Grupp IA klassifizéiert. Mat der Uran-Bläidatéierung um Canyon Diablo hunn an den 1950er de Clair Cameron Patterson an de Friedrich Georg Houtermans fir d'éischt op den Alter vun der Äerd vu 4,55 Milliarde Joer geschloss.

Cheemesch Zesummesetzung: 91,6 % Eisen; 7,1 % Néckel; 1 % Kuelestoff; 1 % Schwiefel; 0,26 % Phosphor; 80 ppm Gallium; 320 ppm Germanium; 1,9 ppm Iridium. 1893 hat den Henri Moissan an dësem Meteorit dat no him genannt Moissanit entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]