Cap d'Antibes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Cap d'Antibes, grad wéi Antibes selwer, profitéiert un der Côte d'Azur vun enger aussergewéinlecher geographescher Lag, well d'Uertschaft en Ausleefer a Form vun enger Hallefinsel an d'Mëttelmier huet.
De Cap d'Antibes huet d'Form vun engem Hiwwel, deen op sengem héchste Punkt vun engem Liichttuerm dominéiert gëtt, dem Phare de la Garoupe. Hie steet an der Mëtt vu Piniebëscher, no bei der Kapell Notre Dame de la Garoupe, déi vill Touristen an och Koppelen unzitt, déi sech do bestueden. Zur Zäit vum Festival vu Cannes ass déi idyllesch Plaz mat sengem bekannten Hotel staark opgesicht. D'Geschicht vum Cap d'Antibes geet bis an d'Antikitéit zréck.
Kuckeswäertes [änneren]
Photosalbum [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Cap d'Antibes – Biller, Videoen oder Audiodateien |