Cape Canaveral AFS Launch Complex 1

Vu Wikipedia
CCAFS LC-1
Kategorie Orbital Launch Site
Bedreiwer US Air Force
Launch-Pads 1
Rakéiten Snark
Éischte Start 13. Januar 1955
Leschte Start 5. Dezember 1960
Starten Total 67
Status inaktiv
Koordinaten 28° 27’ 55.91’’ N
      80° 32’ 10.24’’ W
Cape Canaveral Air Force Statioun

De Cape Canaveral AFS Launch Complex 1 (LC-1) ass eng Startramp op der Cape Canaveral Air Force Station op Merritt Island, Cape Canaveral a Florida, USA déi net méi gebraucht gëtt. Si gouf tëscht 1955 a 1960 fir 67 Starte fir d'Entwécklung a fir Tester vum Snark-Marschfluchkierper gebraucht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ufanks gouf d'Startramp zesumme mam LC-2, LC-3 an dem LC-4 fir den Testprogramm vu Snark-Marschfluchkierper gebaut. Den éischte Start war den 13. Januar 1955. De Startkomplex gouf bis de 5. Dezember 1960 fir Marschfluchkierper benotzt.

Duerno gouf en als Helikopterlandeplaz wärend dem Mercury-Programm gebraucht. Fir d'lescht gouf d'Startplaz an den 1980er Jore fir de Start vun Aerostat-Radarballone benotzt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]