Cape Canaveral AFS Launch Complex 17

Vu Wikipedia
CCAFS LC-17
Bléck op Startplaz 17B
Kategorie Weltraumgare  USA
Bedreiwer US Air Force / NASA
Bauufank 1956
Launch Pads 2 (17A, 17B)
Rakéiten Thor, Delta
Éischte Start 26. Januar 1957
Status aktiv
Koordinaten Breetegrad: 28.4465
Längtegrad: -80.5652
De Startkomplex 17. Startplaz 17A (Vir um Bild) a 17B mat Delta II 7925-10C Rakéit

Cape Canaveral AFS Launch Complex 17 (LC-17) ass een aktive Startkomplex vun der Cape Canaveral Air Force Station op Merritt Island beim Kap Canaveral a Florida, USA a besteet aus de béide Startrampen LC-17A an LC-17B.

Mat iwwer 300 Rakéitestarten zanter Enn vun den 1950er Joren ass den LC-17 dee mat Ofstand meeschtbenotzte Startkomplex vun der Cape Canaveral Air Force Station

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ufanks gouf dës Startplaz 1956 fir den Testprogramm vun der Thor-Mëttelstreckerakéit gebaut. Den éischte Start war 1957 vum Pad 17B a war feelgeschloen.

Bis an déi 1960er Jore si verschidden Thor Versioune vum Launch Complex 17 gestart. Ausserdeem koum an den 1960er déi zivil, vun der Thor ofgeleete, Delta-Rakéit dobäi. 1965 gouf d'Startplaz vun der USAF un d'NASA iwwerginn, well se nëmmen nach zivil gebraucht gouf. 1988 gouf d'Startplaz 17 awer, warscheinlech wéinst dem Ufank vun der grousser Zuel vun Delta-Starten, mat de militäresche GPS-Navigatiounssatellitten un d'US-Loftwaff zeréckginn. 1996 goufen déi bis dohin rout Montage- a Starttierm a Gro ëmlackéiert.

Haut gëtt de Startkomplex 17 fir de Start vun Delta-II-Rakéiten benotzt. De 17. August 2009 gouf bekannt, datt fir d'Delta-II-Rakéiten zu Cape Canaveral nëmmen nach Startplaz 17B gebraucht sollt ginn.[1]

De Komplex[änneren | Quelltext änneren]

De Komplex besteet aus zwou Startrampen: 17A an 17B. Béid si Betonstartdëscher mat engem Flamenoflenkkanal, op deem sech e Metall-Starttuerm befënnt. Zu de Startplaze gehéirt jee e beweeglecht Metallgerëscht, de Montagetuerm, deen dozou déngt, d'Rakéiten um Startdësch zesummenzesetzen. Ass d'Rakéit montéiert, gëtt si mam beweegleche Metallgerëscht vum Startdësch ewech beweegt, an d'Rakéit gëtt gestart. D'Startplaz 17B gouf tëschenduerch ëmgebaut a kann elo och (am Géigesaz zu der Startplaz 17A) d'Delta II Heavy an d'Delta III mat hire gréissere Feststoffboostere starten.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.spaceflightnow.com/delta/d343/
  2. http://marsrovers.jpl.nasa.gov/mission/launch_differences.html