Cape Canaveral AFS Launch Complex 40

Vu Wikipedia
CCAFS LC-40
Eng Titan-Rakéit IV-B mat der Cassini-Huygens-Sond op der Startramp
.
Typ Orbital Launch Site
Bedreiwer USAF, SpaceX
Bauufank 1963
Rakéiten Titan III-C, IV-A, IV-B, Falcon 9
Homepage
Koordinaten Breetegrad 28h56m20s
Längtegrad -80° 5772

De Cape Canaveral AFS Launch Complex 40 (LC-40) ass eng Startramp vun der US Air Force a gehéiert zu der Cape Canaveral Air Force Station a Florida an den USA.

Vun do hat d'US Air Force d'Titan-IIIC, Titan 34D- an Titan-IV-Rakéite gestart. Och de Martin Marietta hat virun der Aféierung vun der Titan IV vun do d'Commercial Titan gestart. Zanter 2010 gëtt d'Ramp fir de Start vu Falcon-9-Rakéite benotzt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Complex 40 gouf zesumme mam Complex 41 um nërdlechen Enn vun der CCAFS Ufank 1963 fir de Start vun Titan-IIIC-Rakéite gebaut.

Den éischte Start vun der Startramp war den éischte Fluch vun der Titan IIIC den 18. Juni 1965. No ville manner bekannte Missioune war eng Rakéit mat enger onbemannter Gemini-Kapsel an enger Raumstatiounsatrapp an de Raum geflunn. Et war en Testfluch fir d'US-amerikanesch militäresch MOL-Raumstatioun. Dee Fluch vum 3. November 1966 war awer deen eenzege Fluch vun deem Projet, dee spéider verworf gouf. Den 30. Mee 1974 war vun do eng Titan 3C mam Satellit ATS-6 gestart, deen ënner anerem an Indien d'Nëtzlechkeet vu Satellittentelevisioun fir Entwécklungslänner erprouft hat.

Tëscht Juni 1990 a Juni 1993 gouf de Complex als Deel vun engem 425 Millioune US-Dollar deiere Projet ëmgebaut, fir datt déi nei Titan IV d'Ramp gebrauche konnt. Wärend de Bauaarbechte konnt eng Titan III Commercial mat hirem leschte Fluch de Mars Observer erfollegräich op de roude Planéit transportéieren. E weidere wichtege Meilestee vun den interplanetare Missioune war de Start vum 15. Oktober 1997, mat deem d'Cassini-Huygens-Sonden op de Saturn geschéckt goufen.

De leschte Start vun enger Titan-Rakéit war den 30. Abrëll 2005, deen den Iwwerwaachungssatellit USA 176 an de Raum bruecht hat.

De 25. Abrëll 2007 hat dann d'USAF der privater Firma SpaceX d'Erlabnes ginn, fir hir Falcon 9 vum LC-40 aus ze starten. Als éischten Akt vum Ëmbau fir d'Falcon 9 gouf Enn 2007/Ufank 2008 den ale Starttuerm ofgerappt. De 27. Abrëll 2008 gouf de mobile Servicetuerm gesprengt. Enn 2008 goufen dann déi éischt Komponente vum neie Startanlagenopbau ugeliwwert a montéiert. De 4. Juni 2010 war dunn den éischte Start vun enger Falcon-9-Rakéit.

Titan-Rakéiten[änneren | Quelltext änneren]

Titan-Rakéite goufe grad wéi de Space Shuttle, net op der Ramp, mä an engem separate Gebai zesummegebaut. Dofir koum de Vertical Integration Building (VIB) [1] zum Asaz. Do gouf d'Rakéit bis op d'Notzlaascht an déi iewescht Stuf montéiert an zesumme mat engem klenge Starttuerm op d'Ramp gefouert a virun engem grousse Gittertuerm positionéiert.

Um Startterrrain gouf et zousätzlech e risege mobile Servicetuerm, deen d'Rakéit ëmschléisse konnt. Mat him goufe lescht Virbereedunge gemaach an d'Uewerstuf souwéi d'Notzlaascht op d'Titan gesat. Beim Start stoung den Tuerm distanzéiert vun der Rakéit op enger Parkpositioun.

Gebrauch fir d'Falcon 9[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Falcon 9 goufen nëmmen de Feierschacht an d'Gleisanlage vum fréiere Komplex erhalen. De komplette Montage vun der Rakéit gëtt an engem neien Hangar um Areal vum Komplex an horizontaler Lag gemaach. E puer Stonne virum Start gëtt d'Rakéit da mat engem Stolgerëscht iwwer dem Feierschacht opgeriicht.

Startlëscht[änneren | Quelltext änneren]

Datum Zäit (UTC) Rakéitentyp Seriennummer Missioun / Notzlaascht
18. Juni 1965 14:00 Titan III 3C-7 Transtage 5
15. Oktober 1965 Titan III 3C-4 OV-2
3. November 1966 13:50 Titan III 3C-9 OV-4 / Gemini B
8. Abrëll 1970 10:50 Titan III 3C-18 Vela 6A / Vela 6B
6. November 1970 10:35 Titan III 3C-19 IMEWS 1
5. Mee 1971 07:43 Titan III 3C-20 IMEWS 2
3. November 1971 03:09 Titan III 3C-21 DSCS II F-1 / DSCS II F-2
1. Mäerz 1972 09:39 Titan III 3C-22 IMEWS 3
13. Juni 1973 07:14 Titan III 3C-24 IMEWS 4
13. Dezember 1973 23:57 Titan III 3C-26 DSCS II F-3 / DSCS II F-4
30. Mee 1974 13:00 Titan III 3C-27 ATS 6
20. Mee 1975 14:03 Titan III 3C-25 DSCS II F-5 / DSCS II F-6
14. Dezember 1975 05:15 Titan III 3C-29 IMEWS 5
15. Mäerz 1975 01:25 Titan III 3C-30 LES 8 / LES 9 / Solrad 11A / Solrad 11B
26. Juni 1976 03:00 Titan III 3C-28 IMEWS 6
6. Februar 1977 06:00 Titan III 3C-23 IMEWS 7
12. Mee 1977 14:26 Titan III 3C-32 DSCS II F-7 / DSCS II F-8
25. Mäerz 1978 18:09 Titan III 3C-35 DSCS II F-9 / DSCS II F-10
10. Juni 1978 19:12 Titan III 3C-33 Chalet 1
14. Dezember 1978 00:43 Titan III 3C-36 DSCS II F-11 / DSCS II F-12
10. Juni 1979 13:39 Titan III 3C-31 IMEWS 10
1. Oktober 1979 11:22 Titan III 3C-34 Chalet 2
21. November 1979 21:36 Titan III 3C-37 DSCS II F-13 / DSCS II F-14
16. Mäerz 1981 19:24 Titan III 3C-40 IMEWS 11
31. Oktober 1981 09:22 Titan III 3C-39 Chalet 3
6. Mäerz 1982 19:25 Titan III 3C-38 IMEWS 13
30. Oktober 1982 03:05 Titan 34D 34D-1 IUS DSCS II F-15 / DSCS III F-1
31. Januar 1984 03:08 Titan 34D 34D-10 Transtage Chalet 4
14. Abrëll 1984 16:52 Titan 34D 34D-11 Transtage DSP MOS/PIM
22. Dezember 1984 00:02 Titan 34D 34D-13 Transtage DSP Phase 2
29. November 1987 03:28 Titan 34D 34D-8 Transtage DSP Phase 2
2. September 1988 12:05 Titan 34D 34D-3 Transtage Chalet 5
10. Mee 1989 19:47 Titan 34D 34D-16 Transtage Chalet 6
4. September 1989 05:54 Titan 34D 34D-2 Transtage DSCS II F-16 / DSCS III F-4
1. Januar 1990 00:07 Commercial Titan CT-1 Skynet 4A / JCSAT 2
14. Mäerz 1990 11:52 Commercial Titan CT-2 Intelsat 6 F-3
23. Juni 1990 11:19 Commercial Titan CT-3 Intelsat 6 F-4
25. September 1992 17:05 Commercial Titan CT-4 Mars Observer
7. Februar 1994 21:47 Titan IV 401A K-10 Centaur TC-12 Milstar 1-01
22. Dezember 1994 22:19 Titan IV 402A K-14 IUS DSP-1 Block 14 F17
14. Mee 1995 13:45 Titan IV 401A K-23 Centaur TC-17 Orion 1
6. November 1995 05:15 Titan IV 401A K-21 Centaur TC-13 Milstar 2
3. Juli 1996 00:31 Titan IV 405A K-2 SDS-B4
23. Februar 1997 20:20 Titan IV 402B K-24 IUS DSP-1 Block 18 F18
15. Oktober 1997 Titan IV 401B K-33 Centaur Cassini-Huygens
9. Mee 1998 01:38 Titan IV 401B K-25 Centaur TC-18 Orion 2
30. Abrëll 1999 16:30 Titan IV 401B K-26 Centaur TC-14 Milstar 2 DFS-3
8. Mee 2000 16:01 Titan IV 402B K-29 IUS DSP-1 Block 18 F20
27. Februar 2001 21:20 Titan IV 401B K-30 Centaur TC-22 Milstar 2 DFS-4
6. August 2001 07:28 Titan IV 402B IUS DSP-1 Block 18 F21
16. Januar 2002 00:30 Titan IV 401B Centaur TC-19 Milstar 2 DFS-5
8. Abrëll 2003 13:43 Titan IV 401B Centaur TC-23 Milstar 6
9. September 2003 04:29 Titan IV 401B Centaur TC-20 NROL-19
24. Februar 2004 18:50 Titan IV 402B IUS DSP-1 Block 18 F22
30. Abrëll 2005 00:50 Titan IV 405B IUS USA 182
4. Juni 2010 18:45 Falcon 9 F9-1 Dragon Mockup
8. Dezember 2010 05:43 Falcon 9 F9-2 Dragon COTS-1
22. Mee 2012 07:44 Falcon 9 F9-3 Dragon COTS-2
8. Oktober 2012 00:35 Falcon 9 F9-4 Dragon CRS-1
1. Mäerz 2013 15:10 Falcon 9 F9-5 Dragon CRS-2

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • (en) Encyclopedia Astronautica: LC-40
  • (en) Complex 40 LC-40 in der CCAFS-Tour

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. VIB