Cape Canaveral Air Force Station
D'Cape Canaveral Air Force Station (CCAFS) ist ass e Rakéitestartareal vun der U.S. Air Force um Cape Canaveral op Florida, nërdlech vu Cocoa Beach.
Während dem Zweete Weltkrich gouf dëst Gebitt vun der Air Force als Fluchplaz gebraucht. An de 1950er Joren hunn hei schonns éischt Rakàitestarten stattfonnt. Déi éischt bemannte Raumflich vun der USA (Mercury-, Gemini- an Apollo 7) sinn vun hei gestart ginn. Zënter dem Fluch vun Apollo 8 am Dezember 1968 sinn all bemannte Rakéiten vun der USA an der direkt nordwestlech geleeënen Weltraumgare vun der NASA dem Kennedy Space Center gestart ginn. Vun hei ginn Starten mat enger Bunnschréiegt vun 28 Grad bis 57 Grad duerchgefouert. Satellitten mat enger Bunnschréiegt vu méi wéi 56 Grad ginn vun der Vandenberg Air Force Base an der Westküste gestart. D'Startanlagen vum Space Shuttle befannen sech net op der Cape Canaveral Air Force Station, mä um Terrain vum ugrenzende Kennedy Space Center.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht[änneren]
Am September 1948 gouf den Terrain ëm Cape Canaveral als Banana River Naval Air Station a Betrib geholl. Den 11. Mee 1949 gouf den Areal gewielt, fir d'Startkapazitéiten vun White Sands (WSMR) an New Mexico ze vergréisseren.
Zu Éieren vum US-President John F. Kennedy gouf d'Cape Canaveral Air Force Station 1964 an Cape Kennedy Air Force Station ëmgedeeft. 1973 krut d'Basis nees déi al Bezeechnung zréck. Den Numm gouf awer 1992 nees geännert: d'CCAFS hat dann fir aacht Joer Cape Canaveral Air Station (CCAS) geheescht. Am Mäerz 2000 ännert d'US-Loftwaff den Numm nees zréck, fir de militäresche Status ze verdäitlechen. Zënterhier dréit d'Gebitt nees d'Bezeechnung Cape Canaveral Air Force Station.
Den éischte Start vu Cape Canaveral war de 24. Juli 1950. Eng Bumper 8 war um 14:28 UTC vum Startkomplex LC-3 vun der CCAFS gestart. Bei der Bumper-8-Rakéit hat et sech ëm eng V2 gehandelt, déi ëm eng amerikanesch Uewerstuf vergréissert war.
An der Zäit vun 1956 un goufen etlech Starten mat Jupiter-, Vanguard-, Thor- an Atlas-Rakéiten duerchgefouert.
Mat enger Jupiter-Rakéit gouf den 31. Januar 1958 den éischten US-amerikanesche Satellit Explorer 1 an de Weltraum geschoss. Op d'Redstone- an d'Atlas-Rakéiten opbauend, gouf mat dem Mercury dat éischt bemannte Programm ënnert der Leedung vun der 1958 gegrënnter NASA entwéckelt. Déi éischt bemannte Rakéit (Mercury-Redstone 3) gouf de 5. Mee 1961 mat der Mission Freedom 7 zu engem ballistesche Fluch gestart. Op der Titan 2 baséierend gouf dat bemannte Programm mat Gemini fortgesat.
Mat LC-34 an LC-37 entstongen um nërdlechen Areal déi éischt reng NASA-Startrampen fir d'Saturn/Apollo-Missiounen. Kuerz duerno gouf dann och de Startkomplex LC-39 mat dräi Startplazen, vun deenen zwar nëmmen zwou gebaut goufen, fir d'Saturn V geplangt. Bei engem Test vun der Apollo 1 de 27. Januar 1967 koum et zu enger Katastroph op der Startramp, bei deer d'Crew (Virgil Grissom, Edward White an Roger Chaffee) ëmt d'Liewe koumen.
Vun der LC-34 gouf den 11. Oktober 1968 déi éischt bemannt Apollo-Missioun (Apollo 7) gestart. De 16. Juli 1969 war mat dem Start vun LC-39A d'Apollo 11 mat dem Fluch zum Mound an der éischter bemannter Moundlandung gestart.
De 16. Abrëll 1984 gouf d'Air Force Station als National Historic Landmark an d'nationaal Monumentlëscht opgeholl.
Startrampen[änneren]
Kuckt och[änneren]
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Cape Canaveral Air Force Station – Biller, Videoen oder Audiodateien |
