Capella (Stär)
De Capella (lat. fir „kleng Geess“) ass den Haaptstär (α Aurigae) am Stärebild Auriga. Hie gehéiert zum Wantersechseck. De Capella gëtt och vereenzelt Alhajoth genannt, wat wahrscheinlech eng arabiséiert Form vum griichesche Wuert αίξ (Widder) ass.
Den Numm Capella geet op d'griichesch Mythologie zréck, no där de griichesche Gott Zeus vun enger Geess (Amaltheia) geniert gouf, wéi hien op Kreta opgewuess ass. Als Merci huet hie se op de Stärenhimmel versat.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Daten
- Distanz: ca. 42 Liichtjoer
- absolut Magnitudo: -0,5
- schäinbar Magnitudo: 0,08
- Katalognimm: NSV 01897, 13 Aur, HR 1708, HD 34029, SAO 40186, FK5: 193, WDS 05167+4600A
- Rektaszensioun (Equinoxe 2000.0): 5h16m41.40s
- Deklinatioun (Equinoxe 2000.0): +45°59'53.0"
De Capella ass e spektroskopeschen Duebelstär. D'Komponenten ëmlafen de kollektive Schwéierpunkt an 104 Deeg op bal ronne Kreesbunnen.
Spektralklassen vum Duebelstär: G8 an G1; Liichtkraaftklass III
[änneren] Allgemenges
De Capella ass en Duebeel-Duebestäresystem, bestoend aus de Komponente Aa an Ab souwéi Ha an Hb (a verschidde Kataloge och La an Lb genannt). Spektroskopesch markant sinn nëmmen d’Komponente Capella Aa an Ab, déi sech am Ofstand vun 0,71 AE bannescht 104 Deeg ëm dee kollektive Schwéierpunkt op enger bal perfekter Kreesbunn beweegen. Déi béid Duebelstärsystemer A an H (L) hunn an der Moyenne en Ofstand vun 11.000 AE vuneneen. Während d’Komponente Aa (Spektralklass G5III) an Ab (G0III) zu de sougenannte Giel Risen gehéieren, handelt et sech bei Ha (M2V) an Hb (M4V) ëm Rout Zwerge, déi sech am Ofstand vun 48,1 AE ëmkreesen. Mat enger Distanz vu gutt 42 Liichtjoer gehéieren déi béid Haaptstäre zu de Risestäre, déi der Äerd relativ no stinn. Opgrond der Eegebeweegung vum System zielt de Capella zum Hayden-Stroum, enger wäit verdeelter Grupp vu Stäre, wou de physikaleschen Zesummenhank nach ongekläert ass.[1]
[änneren] Kuckt och
- ABC vun de Stären
- Gréisste Stären
- Nooste Stären
- Hellste Stären
- Verännerlech Stären
- Hallefregelméisseg verännerlech Stären
- Konstellatioun
[änneren] Referenzen
- ↑ The Hyades stream: an evaporated cluster or an intrusion from the inner disk?, B. Famaey, F. Pont, X. Luri, S. Udry, M. Mayor, and A. Jorissen, Astronomy and Astrophysics 461, #3 (January 2007), pp. 957–962.