Capture NX

Vu Wikipedia

Capture NX ass e Bildbeaarbechtungsprogramm vun der Firma Nikon, deen absënns geduecht war fir hiert eegent Réidateformat NEF ze verschaffen.

De Programm huet en eegewëllegt Ausgesinn an d'Manéier fir domat ze schaffen ass net jiddwerengem senges. Sou huet d'Versioun 1.3.2. vum Februar 2008 nach ëmmer kee Korrekturstempel.

Versiounsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Versioun 1.0.0. gouf am Juli 2006 publizéiert. Mat Capture NX wollt Nikon et duerchsetzen, datt hiert Réidateformat NEF nëmme kéint mat hirer eegener Software opgemaach a verschafft ginn.
  • Eréischt mat 1.0.1., déi zwéi Méint drop erauskoum, war et méiglech, och mam JPEG-Format richteg ze hantéieren.
  • Den 3. Juni 2008 huet Nikon d'Versioun 2 virgestallt.